Fir Mënsche ma Statut - mat enger Behënnerung, reduzéiert sech d'Aarbechtswelt meeschtens op Ateliers protégés . Dobäi hunn och si gréisser Ambitiounen.

Egal ob Dänzerin, Model, Déierefleegerin oder Zeitungsverkeeferin, de Wonsch, dem Dramberuff kënnen nozegoen, verbënnt si. Organiséiert vum Centre Loisirs vu "Cooperations", goufe beim Projet "Ich-Frau" fënnef Frae mat Statut no hirem Dramberuff gefrot an an där Roll portraitéiert.

"Ich-Frau" am Mierscher Kulturhaus
Fir Mënsche ma Statut - mat enger Bhënnerung, réduzéiert sech d'Aarbeschtswelt meeschtens op Ateliers protégésen. Dobäi hunn och si gréisser Ambitiounen.

D'Ausstellung well also däitlech maachen, datt net all Persoun mat Statut an engem Atelier d'Inclusioun muss ënnerbruecht ginn. Institutioune sollen dorobber opmierksam gemaach ginn, och dëse Leit mol eng Chance op ee Stage ze ginn an esou jidderengem déi nämmlecht Méiglechkeeten ze bidden.

D'Ausstellung "Ich-Frau" leeft nach bis den 1. August am Mierscher Kulturhaus.