De 96 Joer ale Bennett huet als ee vun de populäerste Jazzsänger weltwäit gegollt. Hien huet 19 Grammy-Awards gewonnen an iwwer 50 Millioune Placke verkaf.

Bekannt ginn ass hie virun allem mat Lidder wéi "I left my heart in San Francisco". 2021 war bekannt ginn, datt hien 2015 un Alzheimer erkrankt ass. An zwou Wochen hätt hie säi 97. Gebuertsdag gefeiert.