Et sinn d'Kino-Highlights vum Summer: "Barbie" vun der Realisatrice Greta Gerwig an "Oppenheimer" vum Regisseur Christopher Nolan.

International hunn d'Blockbuster "Barbie" an "Oppenheimer" um éischte Weekend eng sëllege Rekorder geknackt. De Film iwwert déi wuel bekanntste Popp vun der Welt huet eleng an den USA bis e Sonndeg eng 155 Milliounen Dollar abruecht. Beim méi däischtere Biopic ronderëm den Erfinder vun der Atombomm waren et um éischte Weekend an den USA eng 80,5 Milliounen Dollar. An der Geschicht vun Hollywood gouf et nach keen esou een erfollegräichen Duebel-Start.

Mä och zu Lëtzebuerg suergt de "Barbenheimer"-Effekt den Ament fir voll Kinossäll. Kinepolis seet sech "ganz frou" iwwer d'Venten an deene leschten Deeg. Fir Barbie goufen an de Kinepolis-Kinoen tëscht dem 19. Juli an dem Sonndeg ganzer 12.000 Ticketen verkaaft. "Oppenheimer" bleift knapps hannendrun mat bal 9.000 verkaaften Ticketen an de Kinepolis-Kinoen um Kierchbierg, um Lampertsbierg an um Belval.

Och Cinextdoor, déi aacht regional an onofhängeg Kinoen uechter Lëtzebuerg bedreiwen, schwätze vun engem "exzeptionelle Weekend". Et géif seele virkommen, datt sech zwee Filmer "géigesäiteg esou eroppushen".

Zu der Grupp Cinextdoor gehéieren de Ciné Orion, de Ciné Prabbeli, de Ciné Scala, de Ciné Sura, de Kulturhuef, de Kinoler, de Ciné Le Paris an de Ciné Starlight. Jee ronn 1.200 Leit hätte sech zanter der Sortie vun de Filmer um 19. Juli ee vun deenen zwee Blockbuster an de regionale Kinoen ugekuckt. Am Kinoler waren déi dräi Seancen - zwee Mol "Oppenheimer" an eng Kéier "Barbie" - komplett ausverkaaft.

"Barbie" an "Oppenheimer" kommen domat op d'Plaz zwee an dräi vun de beschte Sortië vum Joer. An der Grupp Cinexdoor hat "Barbie" um Méindeg de Moien eng 20 Entréeë méi ze verbuchen, wéi "Oppenheimer". Op der Plaz 1 steet weiderhin "Supermario", deen am nämmlechten Zäitraum méi wéi 3.000 Tickete verkaaft krut. Hei weist de Pit Marmann vu Cinextdoor allerdéngs drop hin, datt dee Film an der Päischtvakanz erauskoum, an datt dat schlecht Wieder an där Zäit méi Leit an de Kino gelackelt hätt.

Am CineKursaal an am CineWaasserhaus, déi vu Caramba bedriwwe ginn, hat "Oppenheimer" mat 85 Venten de Weekend d'Nues vir, viru "Mission Impossible 7" mat 73 a Barbie mat 39 verkaaften Ticketen. Zanter dem 19. Juli goufe véier Seancë vum "Oppenheimer" gewisen, bei "Barbie" waren et fënnef Seancen.

Och wann de Corona-Effekt an de Lëtzebuerger Kinoen nach ëmmer ze spieren ass - mat Supermario, Barbie an Oppenheimer hat d'Joer deemno elo schonn dräi Kino-Highlights.

Dir wëllt "Barbie" oder "Oppenheimer" gratis an de Kino kucke goen?

Wat musst Dir dofir maachen?

Schéckt einfach eng SMS mam Stéchwuert "Barbie" oder "Oppenheimer", jee nodeem, wéi ee Film der wëllt kucke goen, Ärem Numm an E-Mail-Adress op de 62468 (0,50 € de Message) a gewannt Är Ticketen.

Vill Gléck!

Dir wëllt en anere Film kucke goen?

Den aktuelle Kinosprogramm an Filmkriticke fannt Dir op eiser Kinos-Säit. Tickete fir "Indiana Jones", "Mission: Impossible" an "Elementaire" kënnt Dir iwwerdeems hei gewannen.