Vum 2. bis den 28. August ass nees de weltwäit gréisste Kultur-Festival.

Zanter 1947 zelebréiert een a Schottland Konscht a Kultur an et kann ee sech mat aneren internationalen Artisten austauschen. Honnerte vu Büne si verstreet uechter Edinburgh a fëllen d’Stad mat Musek, Danz, Zirkusspektakelen, Ausstellungen an Theater.

Fir déi éischte Kéier sinn direkt véier Lëtzebuerger Produktiounen um Fringe Festival mat dobäi. Offiziell vertrieden d’Larisa Faber an d’Danzcompagnie „AWA - As We Are” de Grand-Duché a Schottland.

RTL

© Jeannine Unsen

D’Stéck "stark bollock naked" vun der gebierteger Rumänin Larisa Faber thematiséiert op eng humorvoll Manéier de sozialen Drock vun der Fra an hirer biologescher Auer. D’Erzielung mam seriöem Thema gëtt opgelockert mat Musek, déi op der Bün selwer produzéiert gëtt. D’Stéck zelebréiert hiren internationale Succès am The Assembly zu Edinburgh.

Mat dobäi ass och d’Danzcompagnie "AWA - As We Are" mam Spektakel "Shoot the Cameraman". Hei kënnt de Regisseur a Kameramann direkt mat op d’Bün bei d’Dänzer, wärend am Hannergrond e leidenschaftlechen Drama um Ecran leeft. Et ass e Melange u spectacle vivant a Spontanitéit, déi d’Performance ausmëscht. Dëst interaktiivt Stéck léisst dem Public op spilleresch Manéier de Fräiraum, selwer ze wielen, ob ee sech op den Danz oder de Video fokusséiere wëll.

Shoot the cameraman

All Dag lafen dës zwou Produktiounen am The Assembly zu Edinburgh um Festival. Dem Larisa Faber hiert Stéck "stark bollock naked" leeft all Dënnschdeg an de Spektakel "Shoot the Cameraman" all Mëttwoch.

Nieft dësen zwou Haaptproduktioune sinn och nach d’Theaterstéck "Lovefool" vum Gintare Parulyte an d’Komedie "This is a scam" vum Sølve Sundsbø an Anne Klein um Festival ze gesinn. "Lovefool" leeft bis Enn dës Mounts an "This is a scam" ass vum 21. bis de 26. August.