Feierowend an engem kulturrellem Kader. Dat proposéiert d’Initiativ So So Summer vum CNA.

So So Summer. En Titel, dee sech momentan nëmme schwéier mat der Meteo verbanne léist. Woubäi d’Thema vun dëser Editioun ass "So So Splash", an deem Sënn e Volltreffer. Ma Reen hin oder hier, de Public war um Rendez-vous an esou och d’Ambiance.

So So Summer
Feierowend an engem kulturrellem Kader. Dat proposéiert d’Initiative So So Summer vum CNA.

Op den éischte Abléck e klassesche Vernissage. Ma net ganz. De So So Summer versteet sech nämlech als eng Initiativ, déi de Site ronderëm den CNA an déi lokal kulturell Offer valoriséiere wëll. Gläichzäiteg soll och de Lien tëscht der Populatioun an dësem emblemateschem Lieu verstäerkt ginn.

Wie säi Schaffdag och mol am Süden ausklénge loosse well, kann dat nach all Donneschdeg bis Enn des Mounts am Pomhouse zu Diddeleng maachen.