Déi 15. Editioun vun de Congés Annulés
De Festival bei der Stater Gare iwwerzeegt och dëst Joer nees mat Concerten, Dj-Sets, Filmer a Konscht.
Et ass déi 15. Editioun vun de Congés Annulés, ma zanterhier ass dës Manifestatioun e gutt Stéck gewuess. De musikaleschen Apero huet sech iwwert d’Joren zu engem richtege Festival mat sëllege kulturellen Offeren entwéckelt. D'Häerzstéck bleiwen deelweis gratis Concerten, bei deenen all Museksrichtunge vertruede sinn an dat vu souwuel national wéi och internationale Museker.
Och d’Dekoratioun entwéckelt sech vun Editioun zu Editioun. Dëst Joer versetzt e Waasserfall de Public an eng exotesch Vakanzestëmmung. De feierleche Volet hat op dësem Owend déi iresch Post-Punk Band «The Murder Capital», mat hirem neien Album Gigi’s Recovery iwwerholl. Ma d'Band aus Irland ass net déi eenzeg gréisser international Band, déi dëst Joer de Wee bis an d'Rotonde fonnt huet.
Bis den 23. August kann een nach an de Rotondë säi Schaffdag musikalesch a summerlech ausklénge loossen.