Kino beim Schlass zu Suessem

© Gemeng Suessem
Gemittlech am Ligestull dobaussen op enger grousser Leinwand e Kinosfilm kucken. Dat huet eppes!
Ma genee dat kann ee vun en Donneschdeg un zu Suessem maachen, well da presentéiert d'Gemeng hir 3. Editioun vum Kino beim Schlass.
Bei Abroch vun der Däischtert, spréch um 20.45 Auer, gëtt et hei vun en Donneschdeg bis e Sonndeg all Dag e Film ze gesinn. Dat an engem immens schéine Kader. Wat hei sou gewise gëtt, erzielt den David Kayser vum Service des Relations publiques et de la Culture vun der Suessemer Gemeng:
"Lass geet et direkt mat engem Kannerfilm: "Miraculous: Ladybug & Cat Noir – Der Film" an däitscher Versioun. A well mer d'lescht Joer och en immense Succès haten um Kannerowend, hu mir eis einfach geduecht, "da komm mir maachen der dëst Joer einfach direkt mol 2, dann ass och fir jiddereen eppes dobäi". An dowéinst gëtt et da Freides um 1. September deen neie Lassie, "Ein neues Abenteuer" an do wäerte sech och sécherlech Famillje wuelfillen. An da Samschdes freeë mer eis immens op deen aktuellen a ganz neie Barbie Film mam Margot Robbie a Sonndes Action fir all d'Mission Impossible an Tom Cruise Fans ass dann och deen neie Mission Impossible, deen do usteet."
Nieft dem Kino gëtt et awer och nach Theater an eng Liesung.
"Samschdes gëtt et mat Neurolink en Theaterstéck vum Finestra Kollektiv, dat kann ee sech dann um 20 Auer, just virum Barbie-Film op der Plaz virun der Bün ukucken. An dann hu mer nach den Ofschloss vun eisem Kino, dat ass da Méindes, do ass dann och kee Kino méi, mee do ass just nach Spektakel. Do gëtt et Mëttes e Kannerprogramm um 14.30 Auer schonn, dat ass mam Clown Duo Jac&Joe "Die Melodie der Clowns". Owes gëtt et dann nach eng live Concertsliesung mam Titel "DAZWISCHEN frei" vun der Schauspillerin Fabienne Hollwege, déi mat hire Museker wäert do sinn."
Dee ganze Programm dee beim Kino beim Schlass ugebuede gëtt, ass dëst Joer iwwregens gratis a fir jiddereen zougänglech. Allerdéngs sollt ee sech waarm genuch undoen, eng Decken an eventuell och e Stull apaken, wann ee wëll sécher sinn, gemittlech ze sëtzen.
All d'Informatioune fannt Dir och nach eng Kéier hei: www.kinobeimschlass.lu/programm
All Dag plécke mir fir Iech een Event oder eng Aktivitéit eraus:
Den Tipp vun e Méindeg:Sudstroum Escher Kulturlaf
Den Tipp vun en Dënschdeg:Erzielwanderung zu Lëlz: Natur, Skulpturen a Geschichten