De Sänger, deen duerch säi Lidd Margaritavilla berüümt gouf, ass am Alter vu 76 Joer an der Nuecht op den 1. September gestuerwen.

Wéi et an der Erklärung op sengem Internetsite heescht, ass de Museker "friddlech am Krees vu senger Famill, Frënn, Musek an Hënn" vun hinne gaangen. Wat déi genee Doudesursaach ass, ass bis elo net gewosst. "Hien huet säi Liewe bis zum leschten Otemzuch wéi e Lidd gelieft a wäert vun esou ville vermësst ginn", heescht et am Schreiwes weider.

Den Jimmy Buffett ass 1946 am Mississippi gebuer an an Alabama opgewuess. 1970 huet hie seng éischt Plack erausbruecht. Berüümt gouf hie mam Lidd Mararitaville, an deem et ëm d‘Liewen op der Plage mat engem Cocktail an der Hand geet. D‘Lidd war 22 Wochen an den US-Billboard-Charts.