Aus wéineg vill maachen
De Cueva Kënschtlerkollektiv ass bekannt fir seng villsäiteg Expoen. Dëst Joer sinn d'Kënschtler aus aus hirem übleche Milieu ausgebrach.
Den Ellergronn bei Esch-Uelzecht huet eng laang a villsäiteg Geschicht hannert sech. Wou fréier nach mat schwéierer Industrie Eisenäerz ofgebaut gouf, ass elo en Natura 2000 Gebitt, wou een Energie tanken an der Natur erëm e bësse méi no komme kann. Elo ass d'Naturschutzzon zousätzlech eng Plattform fir déi neisten Ausstellung vum CUEVA Kënschtlerkollektiv.
Et ass fir déi 8. Kéier, dass den Théid Johanns eng Ausstellung fir de CUEVA Kënschtlerkollektiv organiséiert. Soss huet et d’Artisten a Gebaier oder Industrieanlage gezunn, dëst Joer ass et Zäit gi fir en neie Kader.
"Wanns de dat Ganzt scho siwe mol gemaach hues an d’Konzept gëtt zum Deel scho kopéiert. Déi Iddi ass bei ville Gruppementer ukomm. Fir net an eppes ze falen, wou gesot gëtt, 'Déi si besser wéi ech oder déi si besser wéi si', hunn ech geduecht, da maache mer léiwer eppes ganz Neies. Da probéiere mer an eng Richtung ze goe vun eppes, wat et bis elo hei an der Géigend nach net ginn ass", seet de Coordinateur vun der Ausstellung.
Elo füügt de Kënschtlerkollektiv seng Konscht am Ellergronn am Naturschutzgebitt an. Op engem ronn zwee Kilometer laange Parcours stellen 38 Artisten eng 32 Wierker ënner fräiem Himmel aus. D'Natur iwwerhëlt d'Mise en scene a setzt déi verschidde Projete konstant an eng eemoleg Luucht.
Net just de Kader vun der Expo huet dëst Joer gewiesselt. Et ass déi éischte Kéier, dass d’Material bei enger CUEVA Ausstellung virgeschriwwe gouf. Nëmme mat Holz an enger biologesch oranger Faarf duerften d’Kënschtler schaffen. Soss huet sech de Kollektiv awer wéi üblech keng Limitte gesat.
"Wat flott dorunner ass. Mer ginn de Kënschtler dat selwecht Material, déi selwecht Faarf a jiddwereen huet eppes aneschters domadder gemaach. Dat fannen ech immens."
Net just den Théid Johanns, ma och de Public war vum Spill mat der Natur an der Villfalt vun der Ausstellung begeeschtert.
Um Terrain vum Ellergonn kommen Natur, Erhuelung, Geschicht an elo och Konscht beieneen. Et ass eng ganz organesch Ausstellung, déi op eng gelonge Manéier d’Freed un der Natur mat där vun der Konscht verbënnt.
D’Expo geet nach bis den 2. Mäerz 2024.