Kasemattentheater, den Théâtre du Centaure an den TOL stelle Programm vir

Dobäi sinn direkt 2 ronn Gebuertsdeeg di gefeiert ginn. Den TOL an den Théâtre du Centaure feieren nämlech hire 50. Gebuertsdag.
Théâtre du Centaure
D'Saison 23/24 steet am Théâtre du Centaure ganz am Zeeche vum 50. Gebuertsdag. Niewent den Theaterstécker gëtt et en extra Programm ronderëm de Jubiläum. Hei geet et virun allem drëm, déi Leit ze éieren, déi zënter all deene Jore benevole fir den Theater schaffen oder geschafft hunn. Eng Fotoausstellung mat Portraite vun de Leit, déi am Théâtre du Centaure iwwert di lescht 5 Joerzéngte matgewierkt hunn, gëtt zum Deel am Theater selwer an och an der Banannefabrik gewisen. All Portraite goufen vum Bohumil Kostohryz gemaach, dee mëttlerweil bekannt a beléift ass fir seng Fotoen a Videoen, di hie fir d'Theatere mécht.
Dobäi kënnt de Festival CinéCentaure, wou am Dezember iwwer 2 Wochen, Captatiounen vun Theaterproduktiounen aus de leschten 10 Joer gewise ginn.

© Bohumil Kostohryz
Am Théâtre du Centaure fänkt di nei Saison mam Stéck "Le Chant du Cygne" vum Anton Tchekhov un. En Theaterstéck, dat ënner anerem d'Fragilitéit vun deenen, di Theater maachen, weist.
De 7. November ass di grouss Feier fir de 50. Gebuertsdag vum Théâtre du Centaure. Di ganz Programmatioun vum Theater fënnt een hei:
http://www.theatrecentaure.lu/
TOL (Théâtre ouvert Luxembourg)
Och den TOL feiert seng 50. Joer mat enger spezieller Programmatioun hei ronderëm. D'selwecht wéi am Théâtre du Centaure wäert eng Fotoausstellung am Theater ze gesinn si mat Archivfotoen aus de leschte Joerzéngten. D'Geschicht vum Theater, an déi di den Theater markéiert hunn an zu deem gemaach hunn, wat en haut ass, sollen domat a Valeur gesat ginn. De 14. Oktober feiert den TOL säi Gebuertsdag.

Di éischt Theaterproduktioun vum TOL heescht "Mangez-moi!" - e Cabaret gourmand. Um Menü steet hei Convivialitéit, genësserlech Texter, Musek a Lidder. E festleche Spektakel, fir d'Saison ze lancéieren an dat éischt Gebuertsdagsstéck ze zerwéieren.
De ganze Programm vum TOL:
Kasemattentheater
Och am Kasemattentheater gëtt et e roude Fuedem, dee sech duerch d'Saison 23/24 zitt. Thema vun der neier Programmatioun ass: "D'Welt, di brennt". Dëst kann een op vill verschidde Manéieren interpretéieren, sief et politesch, sozial oder och op d'Ëmwelt oder Klimakris bezunn. Mir liewen a Krisenzäiten a wat kann oder muss den Theater gesellschaftlech dozou bäidroen?
Den Theater schaaft Raim fir Discoursen, Diskussiounen, Interpretatiounen, Perceptiounen, Perspektiven an inzenéiert Reflexiounen. Den neie Programm vum Kasemattentheater probéiert esou Matière ze bidden a Froen ze stellen, di zum Nodenken ureege kënnen.

Déi éischt Theaterproduktioun, di um Programm vun der neier Saison steet, ass "Patridiot - Een Aarbechtstitel" vum Jeff Schinker. Eng Uropféierung, wou et ëm Patriotismus an Identitéit geet. D'Regisseurin Corina Ostafi an de Lëtzebuerger Schrëftsteller a Journalist Jeff Schinker hu sech mat Begrëffer wéi Heemecht an Identitéit ausernee gesat a sech gefrot, wat hannert dëse Wierder stécht. An och wisou eng Auslännerquot vun iwwer 50 Prozent net Oppenheet a Guttmiddegkeet garantéiert.
Di nei Saison am Kasemattentheater:
https://www.kasemattentheater.lu/online/www/content/homepage/DEU/index.html