U sech schafft se zwar scho méi laang, ma offiziell huet d'"Société Des Auteurs, Compositeurs et Editeurs de Musique" hir Dieren am Januar 2003 opgemaach.

D'SACEM setzt sech dofir an, dass Museker a Musek-Schaffender fir hir Aarbecht fair bezuelt ginn. Si sinn eng Zort Medium tëschent de Createuren an Utilisateuren, informéieren d'Utilisateuren a Consommateuren, a betreien hir Membere bei Froen déi se kéinten am Bezuch zu hire Rechter hunn. Obschonns de Message an der Tëschenzäit ukoum, dass Museker fir Streams zum Beispill bezuelt ginn, wier villen net bewosst, dass si och dofir bezuelt ginn, wann hir Lidder um Radio, op der Tëlee, a Geschäfter, bei Eventer, am ëffentlechen Transport a sou weider lafen. Déi ganz Lëscht fënnt een op hirem Site. D'Cachete ginn da 4 Mol am Joer un d'Museker, Produzenten, Publisher, a sou weider, ausbezuelt.

Zu Lëtzebuerg besteet d'Ekipp vun der SACEM aus 6 Leit, déi jeeweils fir ee spezifesche Beräich zoustänneg sinn - ewéi zum Beispill Kontrollen duerchféieren. Da schaffe si awer och enk mat verschiddene Partner an der SACEM Frankräich zesummen.
Fir den 20. Jubiläum ze feiere gëtt et den 21.September an de Rotonden e Fest. An deem Kontext trieden dann eng ganz Rëtsch Museker aus verschiddene Beräicher op. Mat dobäi sinn d'Claire Parsons, Nicool, Gast Waltzing & Jean-Jacques Mailliet feat. United Instruments of Lucilin, de Serge Tonnar, Balthasar, Leen,  Rosenfeld, Moreira, an den Yves Stephany proposéiert een DJ Set. Méi Informatiounen zum Evenement ginn et hei.