Police vu Las Vegas huet e Verdächtege festgeholl, e gouf schonn ugeklot

Den Duane "Keffe D" Davis gouf e Freideg de moie verhaft a spéider och offiziell ugeklot.
D'Police vu Las Vegas huet de Mann wéinst den déidleche Schëss op de Rapper Tupac Shakur am Joer 1996 festgeholl. Hie soll mat deem Fall a Verbindung stoen.
Op den Tupac gouf de 7. September 1996 zu Las Vegas geschoss. Hie war mat e puer Frënn de Boxkampf vum Mike Tyson géint de Bruce Seldon am MGM Grand Hotel zu Las Vegas kucken.
Méi spéit ass op säin Auto geschoss ginn, an deem hie mat sengem Kolleeg Suge Knight souz. Béid koumen nach an d'Spidol, ma den Tupac ass do den 13. September gestuerwen, dat am Alter vu 25 Joer.
D'Dot ass bis haut net opgekläert.
Duane "Keffe D" Davis ugeklot
De 60 Joer ale fréiere Bande-Chef gouf um Freideg verhaft a wéinst Mord um Star-Rapper Tupac Shakur ugeklot.
Dat huet d'Police e Freideg op enger Pressekonferenz matgedeelt.
27 Joer hätt den Tupac Shakur op Gerechtegkeet gewaart, sot de Polizist, deen d'Enquête geleet huet. Sou laang, dass de Polizist, deen d'Enquête virdru geleet huet, schonn an der Pensioun ass. Et hätt Joerzéngten un Aarbecht kascht, fir an der Enquête do ukomm ze sinn, wou een elo ass.
De Procureur Steve Wolfson sot, dass den Duane Davis déi nächst Deeg viru Geriicht wäert stoen. Et géife genuch Beweiser ginn, fir d'Uklo ze rechtfäerdegen. Offiziellen Informatiounen no, ass den Davis de leschten nach liewegen Zeien am Fall vum Mord um Tupac Shakur. Déi dräi aner Verdächteg wiere mëttlerweil verstuerwen, esou d'Police.
Ee vun de Poliziste sot op der Pressekonferenz, den Davis wier de "Shot Caller" vun enger Grupp vu Leit gewiescht, mat där hien an der Nuecht wou den Tupac erschoss gouf, ënnerwee war.
"En huet de Plang, deen zu dëser Dot gefouert huet, inzenéiert", sot den Jason Johansson, éier en d'Pressekonferenz verlooss huet.
Den Duane "Keffe D" Davis sot scho virdrun an Interviewen an a senge Memoiren, dass hien um Bäifuerersëtz vum wäisse Cadillac souz, deen an der Géigend vum Tupac sengem Auto am September 1996 gesi gouf. De Schoss wier awer hannen aus dem Auto komm.
Den Davis ass de Monni vum Anderson, engem bekannte Rival vum Tupac. Den Anderson huet ëmmer kontestéiert eppes mam Mord um Tupac ze di gehat ze hunn. Hien ass 2 Joer drop an enger Schéisserei mat enger anerer Gang ëm d'Liewe komm.
De Verdacht wier grouss, dass de fréiere Bandechef Davis fir de Mord um Tupac verantwortlech wier, sot de Procureur Marc DiGiacomo um Freideg zu Las Vegas.