De Loic Tanson huet 6 Joer laang um Film "Läif a Séil" geschafft, e ganz ambitiéise Projet, e Lëtzebuergesche Western, sou eppes gouf et bis elo nach net.

De Film, deen an der Mëtt vum 19. Joerhonnert spillt, zielt Geschicht vun enger jonker Fra, déi an hiert Heemschechtsduerf an d’Eisleck zeréckkënnt. Héi huet Famill Graff d’soen, et dauert net laang, bis dat d’Helene sech fir seng schrecklech Kandheet an der Communautéit revanchéiert.

Fir d’Sophie Mousel, dat Haaptrolle spillt, verkierpert de Personnage awer vill méi. Et geet och em Kannermëssbrauch an dorëm de Patriarchat ze stiermen an a Fro ze stellen. De Jules Werner spillt de Graff, den autoritäre Chef vum Duerf, eng Roll, an där een de Schauspiller op den éischte Bléck net erëm erkennt.

Niewent bekannte Gesichter wei dem Luc Schiltz, Tommy Schlesser oder nach dem Marie Jung, gesäit een awer och 3 ganz jonk Talenter, fir déi et all  eng éischte Film Erfarung war. D’Giusi Carenza, d’Lou Beltramini an den Jamie Baillie interpretéieren Kanner-Haaptrollen.

Och d’Filmmusek stécht eraus a fir den Duo Mike Koster an Thorunn Egilsdottir war et dësen Exercice och eng Première. Si schreiwen fir hir Band When airy met fairy éischter Popmusek.

De Film ass sécher näischt fir schwaach Nerven, well wéi et sech fir e Western gehéiert,  gesäit ee genuch Gewaltzeenen. Ee Choix, deen de Realisateur awer assuméiert.

Bis den 20. Oktober kritt een nach d’Chance uechter ganz Land an de verschidde Kinoen, de Film a Presenz vun de Schauspiller ze gesinn. Duerno leeft en dann an alle Kinossäll.