Rapper Drake mécht Paus fir op d'mannst ee Joer

© AFP (Archiv)
De kanadesche Star-Rapper Drake huet eng Paus aus gesondheetleche Grënn ugekënnegt.
Hie wäert eng Paus vun "engem Joer oder méi laang" maachen, fir "nees op d'Been ze kommen", sou de 36 Joer ale Rapper e Freideg. Et géing sech ëm "näischt Eeschtes" handelen, hien hätt awer zanter Joren "all méiglech komesch Probleemer mam Mo" a wéilt sech elo ëm seng Gesondheet këmmeren.
Hie wäert "eng Zäitlaang keng Musek maachen", sou den Drake weider an huet donieft vu Verflichtunge geschwat, déi hie géintiwwer Mënschen erfëlle wéilt, "deenen ech Saache versprach hunn".
De fënneffache Grammy-Gewënner huet seng Paus nëmmen e puer Stonnen no der Verëffentlechung vu sengem neien Album "For All The Dogs" ugekënnegt. Op sech seng Auszäit op scho geplangte Concerten auswierkt, ass nach onkloer.