Kammerata: Kläng aus enger anerer Welt
Am Kader vum Echter'Classics Festival huet den Trifolion vun Iechternach e Concert vum Lëtzebuerger Grupp Kammerata ugebueden.
Ënnert anerem gouf et eng Ur-Opféierung vun engem Stéck vum Nik Bohnenberger. Wéi géing eis Welt klénge wann d'Mënsche verschwonne wieren? Wa just nach Reschter vun enger fréierer Zivilisatioun an Déieren a Planze géinge kléngen? Eng Inspiratiounsquell fir de Komponist si Geräischer, déi Fliedermais zu Tschernobyl ausstralen, déi goufe fir d'Stéck benotzt. Tableaue vu mystesche Sphäre vum Kënschtler Emandiev erlaben den Iwwergang zum Museker senge Klangwelten.
Den Nik Bohnenberger seet: "Et geet méi ëm d'Virstellung vun engem Hybrid, e bëssen tëschent enger Natur, déi sech erhëlt an enger mënschegemaachter Struktur, déi lues a lues ofbaut".
Natierlech spillt den Orchester keng wëssenschaftlech zertifiéiert Kläng. Si gehéiere fir d'éischt mol dem Kënschtler Bohnenberger: "Wat een net däerf vergiessen, dat hei ass och poetesch, ech huelen déi Kläng a schaffen domat weider, ech erschafe keng Zukunfts-Soundscape, da wier keng Konscht méi dobäi".