Produzent Tom Gatti: "Wann ee wëll uewe matspillen, da musse mer Gas ginn"
Déi national Preselektioun fir d'Sich no engem Lidd an engem Artist, fir Lëtzebuerg d’nächst Joer beim ESC ze vertrieden, leeft op Héichtouren.
Hannert de Kulisse schaffen aktuell vill Museker a Musekerinnen a Produzenten a Produzentinnen um perfekte Eurovision-Song-Contest-Hit. Och zu Lëtzebuerg ass d’Opreegung an der Zeen nawell grouss a vill vun hinnen haten déi lescht Woche richtege Stress.
Ee vun hinnen ass den Tom Gatti. De fréieren Eternal-Tango-Museker huet zanter 2019 mat e puer Kolleege säi Museksstudio zu Déifferdeng an huet déi lescht Zäit vill ESC-Lidder produzéiert an zum Deel och selwer geschriwwen. Wéi virun 3 Méint annoncéiert ginn ass, datt Lëtzebuerg beim ESC dobäi ass, huet den Tom Gatti direkt ugefaangen, um Projet ze schaffen, a war bis den 1. Oktober och all Dag mam Projet beschäftegt.

© RTL
De Produzent huet mat engen 8 Museker a Musekerinne Lidder opgeholl a gesäit de Retour vum ESC zu Lëtzebuerg als eng immens grouss Chance. Et géing d’Musekszeen zu Lëtzebuerg virubréngen a wann een iergendwann emol uewe wëll matspillen, da misst ee Gas ginn, sou den Tom Gatti.

© RTL
Den 18 Joer ale Melvin huet sech den Tom Gatti als Produzent fir säin ESC-Song ausgesicht. Déi zwee hunn aus dem Melvin sengem geschriwwene Lidd e gemeinsame Pop-Song gemaach. De Primaner wollt onbedéngt e Lidd fir den ESC erareechen a war dofir och direkt bei puer Produzenten. Allerdéngs war d’Zesummenaarbecht net iwwerall gutt an dofir huet e sech um Enn fir den Tom Gatti entscheet. De Melvin betount, datt ee mam Tom richteg gutt kann zesummeschaffen an et géing een och richteg begleet ginn.