Bei de Solistes Européens Luxembourg komme Museker aus ganz Europa zu Lëtzebuerg zesummen. Iwwer 30 Joer laang war den Eugène Prim Deel vum Orchester.

Solistes Européens Luxembourg (SEL) ass e klasseschen Orchester, deen aus dem Lëtzebuerger Concertsliewen net méi wech ze denken ass. Besonnesch ass, dass d’Museker vum SEL net fest agestallt si beim SEL. Si komme fir jeeweils 6 Concerten am Joer aus ganz Europa op Lëtzebuerg.

Méi wéi 30 Joer war den Eugène Prim – ee vun de Grënner – benevole President vum SEL. Lo war de Moment fir d’Charge weider ze ginn. D'Iddi war net dem Eugène Prim seng, mee si ass gebuer ginn am Kader vun der "Jeunesse musicale". Am Fong sollt et eng Kollaboratioun Lëtzebuerg – Ungarn ginn. Mee séier gouf doraus en europäeschen Orchester. Den 1. Directeur musical, den Jack Martin Händler, hat vill Kontakter an der Musekswelt an huet Spëtzemuseker iwwerzeegt, beim Projet matzemaachen.

Den Eugène Prim gouf President vun den SEL a vun do un huet d’Feier gebrannt, méi wéi 30 Joer laang. Hien huet vill gefuerdert, awer duerfir konnt een him net béis sinn. Hien huet misse kämpfen, fir dass Suen erbäikoumen, an dass den Orchester unerkannt gouf. 2004 war et souwäit. Zu New York gouf de Projet virun der Uno an der der Assemblée générale virgestallt.

Dat war d’Joer vun der Ost-Erweiderung vun der EU. Do konnt den SEL eng Tromp ausspillen: Museker aus Ost a West zesummebréngen, dat war seng DNA.