Sido begeeschtert schonn an 2. Generatioun

© Céline Spithoven
Mein Block, Schlechtes Vorbild oder awer Lidder aus sengem aktuellen Album PAUL. Den däitsche Rapper Sido hat de Sonndeg an der Rockhal alles op Lager.
Fir d'lescht war den däitsche Rapper Sido 2021 zu Lëtzebuerg um Glacis mat sengem Album "Ich&keine Maske". Deen Ament war net sécher, ob et net dem Rapper säi leschten Album wier. Ma d'lescht Joer huet hien dunn awer e ganz perséinlechen Album erausbruecht an dat ënnert sengem richtegen Numm PAUL. Gebierteg heescht de Sido nämlech Paul Würdig.
A sengem neien Album, mat dem hien dann aktuell op "PAUL- Live mit Dir"-Tour ass, wéisst den 42 Joer alen sech vun enger méi labiller Säit. Et geet ëm seng gescheitert Relatioun zu senger mëttlerweil Ex-Fra Charlotte Würdig, ëm seng Drogen-Exzesser, Therapie an ëm e Papp, deen a sengem Liewen net present war.
Wärend der Pandemie huet de Rapper, deen 2004 säin éischte Soloalbum erausbruecht huet, ëmmer rëm zu haarden Droge gegraff, wat ënnert anerem e Grond war fir d'Trennung vu senger Ex-Fra. Enn 2021 mécht hien en Entzuch a geet an Therapie. Dat alles verschafft hien a sengem Album a probéiert vun de Leit dobausse rëm als Paul unerkannt ze ginn an net nëmme méi als Sido ze existéieren.
De Sonndegowend an der Rockhal huet hien de Raum op alle Fall mat Energie gefëllt. Säi Set war eng Mëschung aus Klassiker wéi Mein Block, Schlechtes Vorbild, Carmen a sengen neiste Lidder Sterne, Rollender Stein a Versager.
Mee de Sido huet net eleng fir Stëmmung gesuergt. Och seng zwee Backgroundsänger Karen Firlej an den Adesse, wéi och den DJ DESUE konnten op der Bün iwwerzeegen. Vun de Leit koum op alle Fall vill positive Feedback. Just e bësse méi Oldschool-Sido huet deen een oder anere sech gewënscht.
Vill matgesonge gouf um Concert natierlech och. Mir wollte vun de Leit dobausse wëssen, wéi Text-sécher si sinn. Bei deem engem huet et gutt geklappt, wéi deem anere bësse manner.
D'Reaktioune vun de Fans op de Concert.