Bandkolleege confirméieren
Gittarist vu "Massive Attack" Angelo Bruschini gestuerwen

E Concert vu Massive Attack 2016 zu Mailand. / © MAIRO CINQUETTI NurPhoto NurPhoto via AFP
E Méindeg sinn éischtmoleg d'Rumeuren opkomm, elo hu seng Bandkolleegen déi traureg Nouvelle confirméiert.
Den 62 Joer ale Museker ass Medieberichter no wuel u Longekriibs gestuerwen, seng Diagnos hat hie virun net all ze laanger Zäit ëffentlech gemaach.
Schonn e Méindeg ass iwwert dem Angelo Bruschini säin Doud spekuléiert ginn, ma seng Band huet en Dënschdeg d'Nouvelle um Kuerznoriichtendéngscht X (fréier bekannt als Twitter) confirméiert.
Am meeschte gelies