Dat ass en Erliefnis, dat vill Leit sech net wëllen entgoe loossen.

No villen Haaptstied uechter d'Welt hu sech lo och zu Lëtzebuerg vill Leit ëm d'Tickete gerass. De Régis Thill war fir eis am Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg, fir d'Atmosphär vum Käerze-Museksowend anzefänken.

7.000 Käerze liichten op der Bün. Et gesäit zwar echt aus, mee et si keng richteg Flamen, déi do liichten. Ze geféierlech. De Spectateuren ass dat och egal, d'Atmosphär zielt.

Am Conservatoire war d'Musek vum Vivaldi, déi 4 Joreszäiten, jidderee kennt se, net jiddereen huet se am Concertssall héieren. An dat ass och eng vun den Iddien hannert dem Projet "candle light concert". Leit ze sensibiliséieren, déi soss de Wee vläicht net fonnt hätten.

Klassesch Musek ass net déi eenzeg Spart déi bei "candle light" ugebuede gëtt.

Den 8. November zu Bartreng, dat ass deen nächste Rendezvous fir e "candle light concert".