Cercle Artistique de Luxembourg invitéiert op Konschtausstellung "Salon du CAL"
Am Tramsschapp um Lampertsbierg ass e Freideg de Vernissage vum Salon, enger zäitgenëssescher Konschtausstellung.
Organiséiert gouf dat Ganzt vum Cercle Artistique de Luxembourg (CAL). 47 Kënschtlerinnen a Kënschtler stellen hei déi nächst 2 Wochen iwwer aus.
Méi wéi 140 Artistinnen an Artisten hate sech gemellt, fir um Salon deelzehuelen. Déi Konschtschafend, déi um Lampertsbierg ausstellen dierfen, goufen erausgesicht vun enger 5-käppeger, internationaler Jury, erkläert de President vum CAL Marc Hostert: "Dat muss contemporaine, also zäitgenëssesch Konscht sinn, souwäit wéi méiglech. An dann natierlech kuckt de Jury och d'Qualitéit vun der Aarbecht, wéi se technesch realiséiert ass. Dat ass gaangen elo dëst Joer vläicht net am Jury, mee an anere Juryen ass do och gekuckt ginn, wéi d'Toille preparéiert gi sinn an alles. Dat heescht, dass ee säin Handwierk beherrscht an dann natierlech och d'Originalitéit an d'Recherche vun der Oeuvre."
Wat dëst Joer besonnesch wier: 15 vun de 47 Kënschtlerinnen a Kënschtler hu manner wéi 36 Joer: "Et si sou vill Jonker ugeholl ginn, wéi nach ni. Dat heescht, de Jury ass wierklech derduerch gaangen, fir ze kucken, dass et zäitgenëssesch Saache sinn. Do sinn och eng Partie Kënschtler, déi vläicht méi eeler agesiess sinn, déi eng Recherche hunn, déi och performant ass, mee déi vläicht net méi sou no ass un der Zäitgenësseschkeet."
Nieft der Haaptausstellung ginn am Aganksberäich iwwerdeems d'Wierker vu 5 Konschtschafende gewisen, déi nach an der Ausbildung sinn. Domat wéilt ee fir déi Jonk Schwelle fir an d'Konschtwelt ofbauen, sou de Marc Hostert: "Déi Permeabilitéit huet sech an de leschte Jore schonn ausbezuelt, well et si Leit, déi mir viru véier Joer hei haten als Jonker, déi lo um Salon selwer mat derbäi sinn, dat heescht, déi dat elo reegelméisseg packen."
De Cercle artistique organiséiert wärend den 2 Woche vun der Expo och Präisiwwerreechungen, eng Offer fir Lycéesklassen an eng Konferenz iwwer d'Droits d'auteur an der Konscht.

© Fanny Kinsch