Am Kader vun de "Promenades architecturales" huet den Historiker Robert Philippart e Sonden de Kierfecht Nôtre Dame presentéiert.

No Allerhellege sinn d’Griewer mat Blummen dekoréiert. D’Hierschtfaarwen dominéieren. Ma och wann d’Hierschtwieder genee sou dominéiert huet, hu vill Leit sech d’Visite guidée net huele gelooss. Op dëser gouf et eng räich Geschicht op dem iwwer 330 Joer ale Kierfecht ze entdecken. "Am 19 Joerhonnert gouf en ausgebaut", huet de Guide an Historiker Robert Philippart den Nolauschterer erkläert. Säi Gemenge-Charakter krut e vun 1804 un, wou en och fir all Konfessiounen opgaangen ass. Vill léist sech aus de Graf-Monumenter liesen.

"Den Ëmgang mam Doud a mat de Griewer huet iwwert d’Joerhonnerten ëmmer nees changéiert", erkläert de Guide. Et wier d'Reflektioun vun de Leit, déi an der Stad gelieft hunn, an et kéint een hier Identitéit ganz kloer un de Griewer ofliesen. D’Mënsche wëllen, och no hirem Doud, weise wie si waren.

Eng ganz Partie  interessant Perséinlechkeeten hunn um Nikloskierfecht hir lescht Rou fonnt. De Robert Philippart geet mat de Visiteure vun engem Graf bei dat nächst: "Dat ass dem Norbert Steffen-Pierret säint. Hien war e Schräiner dee gedicht huet", erkläert en.

"Do ass den Eugène Ruppert begruewen. De Chines genannt, war den Ingenieur Directeur vun Iron and steel works zu Hanyang. Mat 26.000 Salariéen", erkläert de Robert Philippart beim nächste Monument. E weidert Graf, bei deem hie stoe bleift war dem Nicolas Martin säint. Direkter vun der Spuerkeess, deen agefouert hat, dass d’Kanner am éischte Schouljoer sollen eng Spuerbéchs kréien, fir ze spueren.

Fir d’Biographië vun dëse Leit gewuer ze ginn, brauch et awer elo net onbedéngt e Robert Philippart op der Plaz. Och ganz ouni Guide kann een den Nikloskierfecht entdecken. Dat mat Hëllef vun engem Smartphone.

Op 53 Griewer ass e QR-Code ubruecht, deen d’Stad Lëtzebuerg an Zesummenaarbecht mam Historiker entwéckelt huet. Wann een dëse mat der Foto-Funktioun scannt, kënnt een op den Internetsite vun der Stad Lëtzebuerg. Hei kann ee sämtlech Informatiounen noliesen. A wann et sech beim Verstuerwenen ëm e Komponist, wéi zum Beispill de Johann-Anton Zinnen handelt, kann een esouguer eralauschteren.