3 Virträg vu renomméierte Fuerscher an ee Workshop
De Siège vun der Nationalbibliothéik, awer och vum Institut grand-ducal: Am lénksen Deel vum BnL-Gebai sinn d'IGD-Sektiounen ënnerbruecht. Iwwer eng separat Entrée, lénks kleng am Bild, geet et an déi Annex.
D'Section de linguistique, d'ethnologie et d'onomastique vum Institut grand-ducal feiert hiren 90. Gebuertsdag mat véier Manifestatiounen an der BnL respektiv am CNL.
Esou vill ëffentlech Optrëtter huet se sielen, mee d'Occasioun ass och net alldeeglech: D'Section de linguistique, d'ethnologie et d'onomastique vum Institut grand-ducal (kuerz: IGD-LEO) gëtt et elo zanter 90 Joer. Dëse ronnen Anniversaire feiert se zesumme mam 100-järege Bestoe vun der Sproochgesellschaft, aus där d’Sektioun erausgewuess ass.
Fir déi 90 Käerzen ze feieren, ginn international renomméiert Wëssenschaftler aus deenen dräi Beräicher invitéiert, déi d'Sektioun an hirem Nimm dréit: Linguistik, Onomastik an Ethnologie. Deenen hir Virträg ginn elo am November um Anniversaire organiséiert, zweemol an der BnL an eemol am CNL, Mëtt Dezember gëtt dann nach e Workshop an de Raimlechkeete vun der Sektioun, déi an enger Annex vun der Nationalbibliothéik ënnerbruecht sinn.
Ethnologie, Onomastik, Linguistik
– Mëttwoch, 26. November an der BnL
Ethnologie: "Labrador, Sachsen und die Kirche"
Den Dr. Frank Usbeck (Staatliche Ethnographische Sammlungen Sachsen) schwätzt de 26.11.2025 ëm 18:00 Auer an der Nationalbibliothéik iwwer "Labrador, Sachsen und die Kirche: Ein internationales Forschungsprojekt zu missionarischen Inuit-Objekten in den Ethnographischen Sammlungen Sachsens".
Abstract: In seinem Vortrag berichtet Frank Usbeck von der gemeinsamen Forschung zwischen den sächsischen Museen, kanadischen Universitäten, und Vertretern der Labrador-Inuit im autonomen Territorium Nunatsiavut.
– Donneschdeg 27. November am CNL
Onomastik: Das Sorbische, eine "kleine Sprache"
Den Dr. Christian Zschieschang (Sorbisch Institut Cottbus) schwätzt de 27.11.2025 ëm 19:30 Auer am Centre national de littérature (CNL) zu Miersch iwwer d'Theema "Eine 'kleine Sprache', ihre Namen und die Herausforderung der Digitalisierung: Das Niedersorbische als slawische Minderheit am östlichen Rand des deutschen Sprachgebiets".
Abstract: Das Sorbische ist eine der Minderheitensprache Deutschlands und wurde als slawische Varietät schon in der ehemaligen Deutschen Demokratischen Republik gefördert. Dennoch handelt es sich hier um eine sogenannte "kleine Sprache" mit nur wenig Sprechern, dessen geographische Ausdehnung nur anhand der Namenkunde vollständig fassbar wird.
– Freideg, 28. November an der BnL
Linguistik: "Sprache als Fenster zur (Vor-)Geschichte"
Riedner ass hei de Prof. Dr. Martin Joachim Kümmel (Friedrich-Schiller-Universität Jena) an dee beliicht den 28.11.2025 ëm 18:00 an der Nationalbibliothéik (BNL) de Sujet "Sprache als Fenster zur (Vor-)Geschichte: Wie man mithilfe von Sprachvergleich rekonstruiert".
Abstract: Neben den historischen Wissenschaften und – in jüngster Zeit – auch der Genetik spielt bei der Erforschung der Vorgeschichte und Geschichte auch die Sprachwissenschaft eine wichtige Rolle. Wieso ist aber überhaupt möglich, Aussagen über Sprachen zu machen, für die keine oder keine gute Sprachdokumentation existiert? Der Vortrag soll zeigen, warum und wie es möglich ist, (vor)historische Sprachzustände zu erschließen und wie das zu einem besseren Bild der Vorgeschichte beitragen kann.
Workshop Genealogie an Auswanderung
Den IGD-LEO invitéiert da weider op de Workshop "Genealogie an Auswanderung" e Samschdeg, den 13. Dezember 2025 vun 9 bis 12 Auer an de Lokalitéite vum IGD, déi am lénken Deel vum Gebai vun der Bibliothèque nationale du Luxembourg (37D, avenue J.F. Kennedy, L-1855 Luxembourg) sinn.
Jiddereen, dee matmécht, kritt eng Orientation bibliographique an e Glossaire fir déi eege Recherchen.
Programm:
- Jean Ensch (Genealog, President IGD-LEO): Aféierung an d’Genealogie
- Jean Ensch / Sam Mersch (Linguist a Kulturwëssenschaftler): Methode vun der Recherche an der Genealogie
- Donna Ewart (Genealogin aus Salt Lake City vu familysearch.org): Genealogical resources at familysearch.org [an englescher Sprooch]
- Carlo Krieger (President vun der ASBL "Roots and Leaves"): De Wäert vu Genealogie an der Praxis: Auswanderung an d'USA an a Brasilien
D’Plaze si limitéiert. Informatioun an Umeldung iwwer d'E-Mail-Adress: sekretariat@igd-leo.lu.