Kannerbuchauteur Helme Heine am Alter vu 84 Joer gestuerwen
© URSULA DUEREN / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP
Den Heine ass en Donneschdeg am Alter vu 84 Joer am neiséilännesche Russell, wou hie gelieft huet, gestuerwen.
Dat deelt de Beltz-Verlagsgrupp mat. Dem Helme Heine seng Bicher, zu deenen och déi iwwert de klenge gréngen Draach "Tabaluga" gehéieren, si milliounefach verkaf an a 35 Sproochen iwwersat ginn.
Zu sengen erfollegräichste Klassiker gehéieren d'Geschichte vun den dräi Frënn aus "Mullewapp" a wéi gesot d'Märchefigur Tabaluga, déi duerch musikalesch Begleedung vum däitsche Sänger Peter Maffay an duerch Tëleesserien, Musicallen a Kinosfilmer populär gouf. Trotz immensem Succès ass den Helme Heine am Laf vu senger Karriär léiwer am Hannergrond bliwwen.