Lëtzebuerger Co-Produktioun "A Greyhound of a Girl" gewënnt 1. Präis zu Chicago

© GFM Animation
De Film vum Enzo d'Alò huet beim Chicago International Children Film Festival den 1. Präis an der Kategorie vun den Animatiounsfilmer gewonnen.
Den italieenesch-Lëtzebuerger Realisateur Enzo d'Alò gouf vum professionelle Jury vum Chicago International Children Film Festival fir säi Film "A Greyhound of a Girl" mam éischte Präis an der Kategorie "Animatiounsfilm" geéiert.
D'Lëtzebuerger Co-Produktioun war dëst Joer och fir déi renomméiert Berlinale nominéiert a gouf an der Kannerfilm-Sektioun "Generation" gewisen. Fir e Präis war et hei awer leider net duergaangen.
Am Film geet et ëm e Meedche vun 11 Joer, dat eng grouss Kächin wëll ginn. De Film gouf virun allem zu Lëtzebuerg vu "Paul Thiltges Distributions" produzéiert, an Zesummenaarbecht mat Italien, Irland, dem Vereenegte Kinnekräich, Estland, Lettland an Däitschland.
"A Greyhound of a Girl" ass iwwerdeem och fir de European Animated Feature Film 2023 nominéiert.