Virbild fir Stones-Zong war indesch Gëttin Kali

Als Gëttin Kali verkleet Meedercher / © AFP/Archiv/Punit PARANJPE
D'Virbild fir de weltbekannte Logo vun de Rolling Stones mat der erausgestreckter Zong war dem Sänger Mick Jagger no eng indesch Gëttin.
Hien hätt sech vun der rouder Zong vun der Hindu-Gëttin Kali inspiréiere gelooss, dat huet den Jagger an der Zeitung "Times of India" an engem e Mëttwoch publizéierten Interview verroden.
"Mäi Brudder ass scho fréi an Indien gereest. Hien huet mir e puer Bicher ze liese ginn", sou den Jagger wärend enger Rees op Mumbai. "1969 hunn ech no engem Motiv gesicht, dat an d'Aen spréngt, an do hunn ech dat Bild vun enger kierperloser Zong vum Kali gesinn." Hien hätt déi "Inspiratioun" un de Kënschtler John Pasche weiderginn, dee mam Zonge-Logo eng "modernistesch Versioun" dovunner erschaf hätt.
D'Kali ass déi hinduistesch Gëttin vun der Zäit an der Zerstéierung. Si gëtt dacks als Fra mat véier Äerm, mat bloer Haut a wäit rausgestreckter Zong duergestallt. Den Zonge-Logo vun de Stones war fir d'éischte Kéier 1971 um Album "Sticky Fingers" ze gesinn. Et ass zanterhier d'Erkennungszeeche vun der Band an dem Londoner Victoria and Albert Museum no eent vun de weltwäit bekanntste Symboler vum Rock'n'Roll.