Fir déi 4. Editioun vun de Francofolies zu Esch dierf ee sech op e Programm freeën, dee sengesgläiche sicht.

D'Organisateure schwätze vun engem onvergiessleche Moment mat Musek, Party, Emotiounen a Vibratiounen, deen d'Visiteure vum Festival am Park vum Gaalgebierg erwaart. A kuckt ee sech d'Live-Acts un, gëtt och net ze vill versprach.

D'Wäerter vun dësem Festival - Multikulturalismus an d'Promouvéiere vun der frankophoner Musekszeen - ginn natierlech groussgeschriwwen. Les Francofolies Esch/Alzette soll awer net nëmmen dofir suergen, der franséischer Musek a francophonen Artisten an der Groussregioun eng Plattform, respektiv eng Bün ze bidden, ma och fir d'Lëtzebuerger Kultur an déi lokal Lëtzebuerger Museker iwwer d'Grenzen ewech bekannt ze maachen.

1985 goufen d'Francofolies fir d’éischte Kéier an der Rochelle, bei der atlantescher Küst vu Frankräich opgefouert. Zil war deemools, etabléiert an nei Kënschtler aus der Francophonie ze promovéieren an och haut gëtt nach vill Wäert op Nowuess geluecht. Dat deemno och zu Esch.

E populären an aussergewéinleche Programm

E Freideg 7. Juni gëtt dee Rapper erwaart, deen als éischte franséische Kënschtler iwwerhaapt déi 200 Singelen depasséiert huet, den Ninho. Nieft him, ginn dann nach Tiakola, Luidji, J9ueve a Baby Volcano erwaart.

E Samschdeg 8. Juni steet Rock an Electro da méi am Vierdergrond um Gaalgebierg mat: Lost Frequencies, Meute, Zaho de Sagazan, Ascendant Vierge, Apashe, Ko Ko Mo, Bagarre, Black Lilys a Shaka Ponk. Wiem dat net rhythmesch genuch ass, deen danzt vläicht och léiwer zu de Kläng vum Tiken Jah Fakoly, Reggea-Star aus Afrika.

Fir e Sonndeg 9. Juni ass et dann d'Annonce, dass ee vun de ganz groussen DJen nees de Wee op Lëtzebuerg fënnt. No sechs Joer steet deemno den David Guetta zu Esch op der Bün, fir nach emol sou richteg anzehëtzen. De selwechten Dag trieden och nach l’Impératrice, Olivia Ruiz, Mentissa, Santa a Julien Granel op.

Dat ass awer nach laang net alles, schreiwen d'Organisateuren. De Programm wäert an den nächste Wochen nach ugepasst an ausgebaut ginn.

E Pass vun 3 Deeg

2024 ass net just d'Joer vun engem besonnesch flotte Line-up, et kann een och e Pass fir déi dräi Deeg vum Festival kafen. Wéi déi Jore virdrun, kann ee sech natierlech och eenzel Deeg eraussichen.

Wéi gewinnt, ginn et déi beléiften "early bird"-Tickete fir déi, déi et elo schonn net méi erwaarde kënnen. Nei ginn et dës Kéier dann déi sougenannte "Coupe file"-Tickete fir déi extra presséiert, déi keng Loscht op Ustoen hunn.
Sämtlech Ticket-Optioune si vun en Donneschdeg un an der Vente, dat vun 10 Auer un um Site www.francofolies.lu

RTL