Eréischt am 3. Versuch a vrun allem via MTV gouf “Take On Me” e weltwäiten Hit.

Domadder stoung der Karriär vu Paal Waaktaar, Magne Furuholmen a Morten Harket näischt méi am Wee. Net nëmmen den Debutalbum "Hunting High and Low" mä och déi 10 Wierker hannendru konnte sech an den internationalen Charts behaapten.

RTL

© Warner Bros

Am Podcast AchtzegerKult konzentréiert de Gibbes Bertolo sech awer op déi 3 éischt a vergësst och net den A-ha-Effekt am James-Bond-Film "The Living Daylights".

AchtzegerKult – all 2. Sonndeg op RTL Play