Doud vum George "Funky" Brown mat 74 Joer

Kool & the Gang kréien e Stär um Walk of Fame. Riets den George Brown. / © FREDERIC J. BROWN AFP
De Batteur a Matgrënner vun der legendärer Funk-Band Kool & the Gang George Brown ass en Donneschdeg den Owend gestuerwen.
Dat huet e Spriecher vun der Band géigeniwwer dem amerikanesche Magasinn "People" confirméiert. D'Band selwer huet dem Brown säin Doud op hire Soziale Medie public gemaach.
An engem offizielle Schreiwes vum Brown senger Famill heescht et, dass de Brwon friddlech am Krees vu senger Famill ageschlof wier. Säin enormt Talent géif dofir suergen, dass hien net wäert vergiess ginn.
E Spriecher vum Musekslabel Universal huet géigeniwwer dem "Hollywood Reporter" confirméiert, dass de Brown un de Suitte vun enger Kriibserkrankung gestuerwen ass.
Den George Brown huet net nëmmen zu de Grënnungsmembere vu Kool & the Gang gehéiert, mä huet och e puer vun de gréissten Hits vun der Funk-Band matkomponéiert. Dorënner ënner aneren "Celebration", "Jungle Boogie" a "Ladie's Night"