Auswierkunge vu Konscht
Installatioun weist, wat Konscht mat eisem Gehier mécht
Neie Projet bréngt Konscht a Wëssenschaft beieneen
Wat geschitt an eisem Gehier, wa mir Konscht ukucken? Zu London an engem Musée kann ee sech dat elo direkt virun Aen halen.
Et ass e Projet, dee Konscht a Wëssenschaft zesummebréngt. Eng Visualiséierung vun deem, wat mat eisem Gehier geschitt, wa mer eis Konschtwierker ukucken.
D'Courthauld Gallery zu London ass déi éischt, an där d'Visiteure sech e sougenannten Elektro-Encephalogram ausléine kënnen. Eng Aart spezielle Kopfhörer, déi winzeg elektresch Signaler aus hirem Gehier an Echtzäit an eng Visualiséierung iwwerdréit. Si kënnen - wärend se sech d'Wierker vu berüümte Kënschtler wéi dem Van Gogh ukucken – also zäitgläich eng Animatioun vun hiren eegene Gehierwelle bewonneren.
Am meeschte gelies