An engem BBC-Interview 2003, deen elo nees opgedaucht ass, huet de Moderator de mysteriéise Street-Art-Kënschtler gefrot, ob hie säin Numm benotzen dierf.

De Kënschtler huet zougestëmmt, wourop hie gefrot gouf: "Ass et Robert Banks?" D'Äntwert war: "Et ass Robbie."

Wéi Bristol Live en Dënschdeg bericht huet, huet de Kënschtler Robin Gunningham, dee vill Leit zanter Jore fir de Banksy halen, den Numm Robin Banks benotzt. Robbie kéint deemno e Spëtznumm vu Robin sinn. D'Plattform betount awer och, dass Robbie op aner Identitéite kéint hiweisen, zum Beispill op Robert Del Naja, Kënschtler a Member vun der Band Massive Attack, déi vu Bristol sinn.

Den Interview gouf deemools vum fréiere BBC-Kulturkorrespondent Nigel Wrench gefouert. Wéi BBC elo de Podcast "The Banksy Story" verëffentlecht huet, an deem dem Bansky seng Stëmm am Radiosinterview vun 2005 ze héieren ass, huet sech de Wrench u säi Gespréich erënnert. Doheem huet hien dono de kompletten Interview ausgegruewen, dat hien nach op Minidisc hat, a BBC huet hire Podcast, deen u sech eriwwer war, nach emol ëm eng Episod ergänzt.

An deem Interview huet de Banksy seng Konscht mat Kache verglach. Seng Mamm hätt all Sonndeg e Brot gemaach, den typesche Sunday Roast. Dat hätt laang gedauert a wier séier giess ginn. Elo géif si fäerdeg Platen aus der Mikrowell iessen a wier méi glécklech. "Ech hunn dësen Usaz a gewësser Manéier op d'Konscht iwwerdroen."