"Penny Lane is in my ears and in my eyes", hunn d'Beatles gesongen.

Aus den Aen war op d'mannst fir laang Zäit ee Stroosseschëld aus Liverpool - dat elo nees opgedaucht ass, wéi déi brittesch Noriichtenagence PA matgedeelt huet.

E fréiere Student hätt sech anonym beim Museum The Beatles Story gemellt an uginn, dat an den 1970er Jore geklaute Stroosseschëld zeréckginn ze wëllen. Elo soll et am Musée ausgestallt ginn.

D'Beatles haten d'Lidd 1967 erausbruecht. Opgeholl gouf et an hirem Studio an der weltberüümter Londoner Abbey Road.

Wéi d'Noriichtenagence PA schreift, wier méi wéi ee Schëld vun der Penny Lane geklaut ginn. Mëttlerweil hänkt dann och kee Schëld méi do, op der Mauer ass just nach Penny Lane ze liesen.