Christmas Carols sangen ass ganz staark an England verwuerzelt an do louch et no, dass d’Philharmonie am Dezember de Chouer vum St Johns Colleg Cambridge engagéiert huet.

D’Chrëschtzäit a Chrëschtdag feieren ass mat villem verbonnen, awer ganz sécher mat Musek. Vu reliéiser Musek bis Pop gëtt alles gebueden. Christmas Carols sangen ass ganz staark an England verwuerzelt an do louch et no, dass d’Philharmonie am Dezember de Chouer vum St John's College, Cambridge engagéiert huet.

"Carols", wat haut fir Gesang steet, ass e Wuert, wat aus dem Griichesche staamt an duerno iwwert dat franséischt CAROLE an d’Englescht iwwergoung. Carol war am Ufank e Wuert fir Danz an et hat näischt Reliéises u sech. Méi spéit am Mëttelalter ware Carols eng Méiglechkeet, fir dem Vollek, wat net liesen a schreiwe konnt, d’Liewe vu Jesus méi no ze bréngen. Wien ëm d’Chrëschtzäit an England ass, dee ka gesinn, wéi "Carols singing" nach ëmmer e Brauch ass. A wa 6.000 Englänner am Royal Albert Hall begeeschtert déi bekannte Chrëschtcarols sangen, dat ass beandrockend.

Zënter 1670 gëtt et de Choir of St John's College, Cambridge. Ongeféier 20 Schüler aus der Schoul a 15 Erwuessener sangen haaptsächlech an der Kapell vum College.

Doriwwer eraus stinn Tournéeën an der ganzer Welt um Programm. Zu Cambridge gëtt et och nach de Chouer vum King’s College, och weltbekannt.

7 Gottesdéngschter séngt de Chouer an der Woch: all Dag een.