Knapp 40 Joer no der Publikatioun huet et d'Lidd "Last Christmas" vu Wham! fir d'éischte Kéier un d'Spëtzt vun de brittesche Chrëschtdagscharts gepackt.

De Popsong vum George Michael an Andrew Ridgeley war am Dezember 1984 erauskomm - hat et deemools an der Chrëschtwoch awer nëmmen op déi zweet Plaz an den Charts gepackt. Déi éischt Plaz war un "Do They Know It's Christmas?" vu Band Aid gaangen.

Elo, knapp 40 Joer méi spéit, huet sech "Last Christmas" dann awer nach op d'Spëtzeplaz gesat, dat huet d'Official Charts Company matgedeelt.

Dem Andrew Ridgeley no wier et deemools eng grouss Enttäuschung gewiescht, datt een et net op Plaz 1 gepackt hätt. Hien denkt, datt den George Michael no all deene Joren ausser sech vu Freed wier. Den George Michael war op Chrëschtdag viru siwe Joer iwwerraschend gestuerwen. Hie gouf 53 Joer al.

D'Lidd "Last Christmas" stoung schonn emol un der Spëtzt vun de britteschen Charts, allerdéngs net direkt op Chrëschtdag.