Danz-Spektakel "Murmuration" vum Sadeck Berrabah an der Rockhal
Den Dänzer a Choreograph Sadeck Berrabah kennt ee fir seng perfekt synchroniséiert Choreographien, bei deenen hie mam mënschleche Kierper geometresch Formen nomécht.
Dem Sadeck Berrabah seng Danz-Karriär huet viru gutt aacht Joer op YouTube ugefaangen. Deemools war hien nach méi am "Popping" ënnerwee, enger Danzform, bei där déi eenzel Kierperdeeler sech separat beweegen. 2017 huet hien du säin eegenen Danz-Mouvement mam Numm "Géométrie variable" um sozialen Netzwierk virgestallt an huet weltwäit Unerkennung dofir kritt, ënner anerem vu Superstaren ewéi dem Rihanna, dem Jennifer Lopes, de Black Eyed Peas an dem Shakira, fir dat hien och am Museksvideo "Girl Like Me" gedanzt huet.
E Meilesteen, deen ëmsou méi impressionant ass, wann een dem Sadeck Berrabah säi Parcours kennt. De 34 Joer ale Fransous vu Forbach un der Musel war schonn ëmmer passionéiert vu Molen, geometresche Formen a Perspektiven. Als Jugendleche war hien op der Strooss, éier hie spontan decidéiert huet, mat engem Kolleeg op Montpellier ze plënneren. Dës Decisioun sollt sech als den Ufank vun engem neie Liewen erweisen. Mat 21 Joer krut de jonken Dänzer säin éischten, festen Job als Steemetzer. Zu där Zäit huet hien och ugefaangen ze freestylen a bei Danz-Battles unzetrieden, bis en dunn am Mäerz 2017 dee faméise Video op YouTube gepost huet, dee säi Liewe verännere sollt.
Zanterhier ass seng Karriär steil biergop gaangen. "America's Got Talent", "La France a un incroyable talent", Grammy Awards, divers Fashion Shows oder och d'Olympesche Spiller 2024 zu Paräis sinn nëmmen e puer vun den Optrëtter, wou een hien a seng Ekipp konnte bis elo hiert Kënne weisen.
Ufank 2023 huet de gebiertege Fransous aus der Lorraine sech enger neier Erausfuerderung gestalt: e Live-Spektakel mat 46 Dänzer op enger Bün wärend bal annerhallwer Stonn. Den Titel vum Stéck "Murmuration" weist op déi verschidde Konstellatiounen hin, déi Villercher beim Fléien anhuelen, an déi d'Inspiratioun hannert der hypnotescher Choreographie waren.
Ënnerstrach an ënnerstëtzt gëtt den Dänzer hir Symmetrie nëmme vun enger Luuchte-Show, Cuben, déi d'Dänzer fir verschidden "Tableauen", also Ausschnëtt vum Stéck, mat op d'Bün huelen, an - ween hätt et geduecht - perfekt ofgestëmmter Musek. "Ech hat d'Chance, dass mäi Brudder d'Musek fir d'Stéck gemaach huet", huet de Sadeck Berrabah wärend eisem Interview erkläert. "Wéi d'Choreographie finaliséiert war, huet hien den Timing nach eng Kéier iwwerschafft a musikalesch Akzenter bäigesat, déi déi verschidde Mouvementer nach méi ënnersträichen."
Nodeems si multipel am Theater "13e Art" zu Paräis haten, hu si ausgangs 2023 hir Tournée am Benelux lancéiert. D'Première war den 9. Dezember am Cirque Royal zu Bréissel. Den 30. September komme si dann och op Lëtzebuerg an d'Rockhal. Lescht Tickete ginn et hei.