No Doubt si bekannt fir hir Hits wéi ënner anerem "Don't Speak". Mat deem Lidd ass d'Gwen Stefani fir d'lescht 2015 opgetrueden.

Wéi d'Organisateure vum berüümte Festival bekannt ginn hunn, wäert d'Rockband No Doubt op den zwee Weekender am Abrëll op der Coachella-Bün am kaliforneschen Indio stoen. Dat ass eng éischte Kéier zanter néng Joer, dass d'Band dann nees gemeinsam op enger Bün steet.

Headliner vum Coachella dëst Joer sinn d'US-Sängerin Lana Del Rey, den US-Rapper Tyler, The Creator an d'Rapperin Doja Cat. Optriede wäert ënner anerem awer och de mexikanesche Sänger Peso Pluma, de kolumbianesche Reggaeton-Sänger J Balvin an den New-Yorker-Rapper Ice Spice.

De Coachella zielt zu de gréisste Museksfestivallen op der Welt.