Den 29. Februar steet den Jason Derulo zu Lëtzebuerg op der Bün. RTL duerft am Virfeld scho mat him schwätzen. Am Interview erzielt hie vu sengem Weltrekord, senge Pannen op der Bün a wisou säin neit Lidd eigentlech e Chrëschtdags-Projet war.

Den amerikanesche Sänger, Songwriter an Dänzer huet scho fréi mat Musek ugefaangen, hat säi weltwäiten Duerchbroch awer 2009 mam Lidd "Watcha say". Zanterdeem ass et fir de mëttlerweil 34 Joer alen Artist weider biergop gaangen. Hie krut 18 Mol Platin fir seng Lidder, huet méi wéi 250 Millioune Singele verkaf an iwwer 100 Millioune Follower op de soziale Reseauen. Dohannert stécht awer e buedemstännege Mann, dee fir d'Musek lieft a senge Fans keen einfache Concert, mee eng richteg Show bidde wëll. An déi Show kënne seng Fans vum 22. Februar un erliewen. Dat ass den offizielle Start vu senger "Nu King World Tour".

"Et ass elo 5 Joer hier, dass ech fir d'lescht op Tour war an dat heiten ass déi gréissten Tour, déi ech jee gemaach hunn. [...] Mir hu ganz vill Aarbecht dragestach a mir hunn déi beschten Dänzer a Choreographe weltwäit an e puer vun de beschte Museker weltwäit. Mir hunn eng Show op d'Bee gestallt, déi immens cineastesch an theatralesch ass. Et ass wéi e Spektakel", sou de Sänger am RTL-Interview.

Lass geet et da wéi gesot den 22. Februar zu Stockholm. Den 29. Februar steet den Jason Derulo dann an der Rockhal op der Bün. Bis dohi gëtt et vum US-Sänger awer nach eppes Neies op d'Oueren. De 16. Februar bréngt den Jason Derulo en neien Album eraus. Eng kleng Prouf dovu kruten d'Fans scho virun e puer Deeg. Do koum dat neit Lidd "Spicy Margarita" eraus, wou den Jason Derulo zesumme mam Michael Bublé ze héieren ass.

Geplangt war dat esou awer net. De Sänger hat de Michael Bublé eigentlech kontaktéiert, fir zesummen e Chrëschtdags-Lidd erauszebréngen. Dësen hat dunn awer proposéiert, éischter am Great American Songbook Inspiratioun ze sichen. D'Great American Songbook ass eng Lëscht mat den erfollegräichsten a bekanntste Lidder aus der amerikanesche Pop-Geschicht.

An esou ass du "Spicy Margarita" entstanen - eng méi spilleresch Versioun vum Klassiker Sway vum Dean Martin. Mat hirem Lidd hu si zwee dunn och nach e Weltrekord opgestallt, awer net mam Lidd selwer, mee mat enger Promoaktioun op de Soziale Reseauen. Hei hu si dunn nämlech déi weltwäit gréisste Spicy Margarita gemixt.

Allgemeng soll de fënnefte Studio-Album vum Artist méi mat "Gute-Laune-Hits" gefëllt sinn. "D'Welt ass eng wierklech donkel Plaz an ech hat d'Gefill, elo wier et Zäit fir en Album, deen eis e gutt Gefill gëtt."

De Museker ass och an de soziale Medien immens aktiv a gëtt senge Follower och Ablécker hannert d'Kulissen. Dëst Joer wéilt hie sech awer komplett op d'Musek konzentréieren. E Geheimrezept fir erfollegräich ze sinn, huet den Jason Derulo awer net. Et wier eng Mëschung aus ganz ville Saachen. Eppes wier awer ganz wichteg, an zwar sech ëmmer rëm nei ze erfannen a weider ze schaffen. Well "Erfolleg ass ni e Besëtz, mee just gelount. Et kann een haut erfollegräich sinn a muer rëm net. Zemools haut, wou een net nëmme mat anere Sänger konkurréiert, mee mat Streamingplattformen an Influencer. Et gi souvill Méiglechkeeten ënnerhalen ze ginn. Do ass d'Konkurrenz wierklech grouss."

Dir wëllt den Jason Derulo live an d'Rockhal kucke goen? Da kënnt Dir bei eis nach Tickete gewannen. Maacht mat a mat e bësse Chance sidd Dir den 29. Februar dobäi.

Den Interview gouf vun eise Kolleege vun RTL Today gemaach.