Wie Kaarte spillt, kennt d'Schëppe 7. Wie Musek op lëtzebuergesch lauschtert, villäicht och.

Schëppe 7 ass eng Lëtzebuerger Band an huet fir d’lescht um Luxembourg Song Contest op sech opmierksam gemaach.

Luxembourg Song Contest - Schëppe Siwen
Live aus der Rockhal

Hiert Markenzeechen si Lëtzebuerger Texter, déi jidderee bei der 2. Kéier, wou e se héieren huet, matsange kann. Mee wie verstoppt sech hannert Schëppe 7?

Dem Jojo - am richtege Liewen, de Jean-Marc Wagner - seng Dynamik an Energie kënnt ënnert anerem vu sengem Hobby. Zanter Jore boxt hien. Dat ass fir hien eng Méiglechkeet, fir den Ausgläich ze fannen an och Prioritéiten am Liewen ze setzen, fir säi Beruff, säin Hobby d'Musek a seng Famill all ënnert een Daach ze kréien.

Zanter 2009 begeeschtert hie mat der Band de Public mat lëtzebuergesche Lidder. Am Ufank vun der Formatioun kee Problem, jiddereen hat Zäit, haut e Joerzéngt méi spéit, sti se all mat 2 Féiss am Liewen. An awer existéiert Schëppe 7 nach no esou ville Joren. Zu Gaasperech an der Schoul kënne se owes prouwen, wa kee méi do ass.

Wat d’Famill ugeet, déi ass a bleift fir de Jean-Marc prioritär. Zanter 3 Joer ass hie mam Laura gepacst an och glécklech. Zanter 2 Joer hu si e Bouf, dee weider Freed an hiert d’Liewe bruecht huet.

Zimmlech fréi hat de Jojo d’Gei entdeckt, dat Instrument, wat een dacks an hire Lidder ze héiere kritt, ma et war awer pueren Zoufall, dass e sech dofir entscheet huet, säi Brudder huet Uergel geléiert an do war keng Plaz méi fräi. Esou huet hien alt d’Gei geholl.

D’Erklärung, firwat si sech elo Schëppe 7 nennen (a wa se komplett sinn, awer eigentlech zu 10 sinn): D’Kaart Schëppe 7 ass eng Gléckskaart.