D'Oktav geet dëst Joer vum 20. Abrëll bis de 5. Mee. Dat deelt d'Stad Lëtzebuerg op hirem Internetsite mat.

Am Ganze wäerte 44 Stänn um traditionelle Mäertche ronderëm d'Gëlle Fra sinn. Dës wäerte vun 11 Auer moies bis 22 Auer owes op sinn.

D'Oktav selwer wäert dëst Joer iwwerdeems vun 13 Priedeger geleet ginn. Dat huet de Bistum an engem Communiqué matgedeelt. Déi 12 Männer an eng Fra wieren all bestuet an hätten och Kanner, heescht et direkt am Ufank vum Schreiwes. Vill hätten nieft dem pastoralen Engagement och en net-kierchleche Beruff.

D'Priedeger sinn:de Michel an d'Patty Bingen, de Stefano Camposeo, den Alvaro de Freitas, de Raymond Goedert, de Jos Halsdorf, de Jürgen Kusch, de Philip Mauel, de Giuseppe Mazzocato, de Michel Michaely, de Jean-Paul Möller, de René Schumacher an de Franck Strock.