
Sënn an Zweck vun der 50-Centimes-Mënz war et, déi sougenannte Bons de Caisses, déi 1918 an 1919 gedréckt goufen, ze ersetzen. Am Volleksmond krut déi nei Mënz, wéinst dem Bild vum Schmelzaarbechter séier de Spëtznumm “Feierstëppler”.
Spéider war de sougenannte Feierstëppler dann och op den 1- an 2-Frang-Stécker ze fannen. Dat bis 1991.
D’Virlag fir d’Motiv op der Récksäit vun de Mënz ass iwwerdeems den Diddelenger Schmelzaarbechter Mathias Gaasch. Kuerz nom éischte Weltkrich gouf de Lëtzebuerger Kënschtler Auguste Trémont vun der Direktioun vun der Diddelenger Schmelz domat beoptraagt, déi verschidden Aarbechten op der Schmelz bildlech festzehalen. De Mathias Gaasch war ee vun den Aarbechter, dee vum August Trémont op der Aarbecht portraitéiert gouf.
Dës Zeechnung war d’Virlag fir d’Gravure vum belsche Kënschtler Armand Bonnetain, déi schliisslech op der Récksäit vun de 50-Centimes an den 1-an 2-Frang-Stécker ze fanne war.
Ma vun dësem Joer u kéint een dem Feierstëppler nees begéinen. Fir den honnertste Gebuertsdag vun der ikonescher Mënz huet d’Lëtzebuerger Zentralbank nämlech eng speziell 2-Euro-Mënz erausginn. Op dëser gesäit een dann och déi berüümt Duerstellung vum Diddelenger Schmelzaarbechter.