Käschtepunkt vun 10 Milliounen EuroNei Vëlospist tëscht Arel a Klengbetten soll vun dausende Frontaliere genotzt ginn

Dany Rasqué
Monique Kater
Déi 10 Kilometer Vëloswee, déi nei entstinn, hunn e Käschtepunkt vu ronn 10 Milliounen Euro.
Mam Vëlo vun Arel op Stengefort an da weider an d'Stad
D’Aarbechte vun der 10 Kilometer laanger Streck vum Projet BELU si lancéiert ginn.

Et ass vill méi wéi just eng Vëlospist. Et ass eng wichteg Infrastruktur fir dausende Frontalieren. Dovunner waren déi vill Gäscht e Méindeg zu Stengefort iwwerzeegt. Do gëtt nämlech op der aler Zuchstreck, déi bis op Klengbetten geet, eng Vëlospist bis op Arel gebaut. De Projet nennt sech BELU. E soll de Leit aus der Géigend zegutt kommen, mä och positiv Effekter op de Beruffstrafic tëschent der Belsch a Lëtzebuerg hunn.

Vëlospist BELU / Reportage Dany Rasqué

Nach leie Schinnen op der zukünfteger Vëlospist, mä de Bagger steet prett, esou dass hir Deeg dierfte gezielt sinn. Dat Stéck, wat soss zu der Attertlinn tëschent Péiteng an Ettelbréck gehéiert huet, soll iergendwa fir manner Stau op der Autobunn suergen, fënnt d’Mobilitéistministesch Yuriko Backes.

Mir si ganz houfreg op dësen transfrontaliere Projet. Hei ass exzellent zesummegeschafft ginn am Interessi, fir de Biergerinnen a Bierger méi Choix ze ginn, dass se och kënne mam Vëlo méi laang Strecke fueren. Strecken, déi och securiséiert sinn, well si si méi breet. Eng méi breet Vëlospist, dräi Meter, dat kënne mer leider net iwwerall esou hunn, wa mer och Vëlospiste missten transforméieren. Bei neie Vëlospisten ass dat dann natierlech méi einfach.

Déi méi breet Vëlospisten, sougenannte Cyclostraden, suerge bei den Noperen aus der Belsch scho fir Begeeschterung. Fir den éischte Spuedestéch vum grenziwwerschreidende Projet war ënnert anerem de wallounesche Mobilitéitsminister zu Stengefort. An och wann nach net direkt all Frontalier sech op de Vëlo setzt, ass de François Desquennes optimistesch, dann iergendwa méi Leit eng Alternativ sichen, fir op dës Säit vun der Grenz schaffen ze kommen. Zemools well et och ëmmer méi Vëloe gëtt, op deenen ee sech net méi grad esou midd maache muss.

On a les vélos électriques, on a les speed pedelecs, et ce qu’on mettait avant une demi-heure, trois quarts d’heure pour le faire, on peut le faire aujourd’hui en 15 ou 20 minutes sans être fatigué. Et donc la mobilité, elle va changer, elle va être transformée. On doit s’adapter à ça et offrir des infrastructures, c’est le meilleur moyen. Dans les grandes villes, dans les grandes agglomérations, on a aujourd’hui des réseaux de cyclostrades qui se développent. On doit le faire aussi par rapport à la grande région dans laquelle nous sommes, où les frontières doivent aussi s’effacer.

Iwwert dës Vëlospist gëtt elo scho Joerzéngte bei eis an der Gemeng diskutéiert, seet de Buergermeeschter vu Stengefort Sammy Wagner. Dofir ass d’Gemeng elo frou, datt sech eppes deet. Et kann eng Verbesserung fir de grenziwwerschreidenden Trafic sinn, mä anengems kënnen d’Dierfer ronderëm besser verbonne ginn, esou de Sammy Wagner.

Stengefort, Hoen, Klengbetten. Et kënnt een nämlech och herno, ech schwätze ganz oft bei deem hei Interreg-Projet viru allem iwwert d’Verbindung vun Arel duerch Stengefort op de Wandhaff Richtung Stad Lëtzebuerg. Mä et gëtt awer och d’Méiglechkeet, fir d’Leit aus der Belsch, fir op de P&R zu Stengefort ze kommen, do mam ëffentlechen Transport, spréch de Bus weiderzefueren oder och mat deem Vëloswee op Klengbetten op d’Gare ze fueren hannendrun a vun do aus mat dem Zuch an d’Stad Lëtzebuerg ze fueren. Mir erhoffen eis virun allem duerch dee Vëloswee hei, eng Entlaaschtung vun eisem schonn hautdesdaags extreem saturéierten Duerfzentrum zu Stengefort.

D’Liewensqualitéit vun de Leit aus der Gemeng hätt an deene leschte Joren extrem gelidden. De Buergermeeschter hofft, datt dat hei e klengt Puzzlestéck ass, fir d’Liewensqualitéit erëm ze verbesseren. Uganks 2028 sollen déi 10 Kilometer fäerdeg sinn. De Käschtepunkt soll bei 10 Milliounen Euro leien an dovunner gi 40 Prozent vum Fonds européen pour le développement régional iwwerholl.


Back to Top
CIM LOGO