IrlandMupp benotzt Tut vum Auto, fir op sech opmierksam ze maachen

RTL Lëtzebuerg
Zu Killarney konnt een Ufank Abrëll eng e bësse méi witzeg Zeen observéieren.
Irland: Hond mécht op aussergewéinlech Aart op sech opmierksam
Hannert dem Steier vun engem Auto souz e Mupp, deem säi Besëtzer wuel e bëssen ze laang gebraucht huet, fir zeréckzekommen.

Net schlecht gestaunt huet wuel d’Nataly Eismont wéi Si duerch d’High Street duerch Killarney an Irland gaangen ass an héieren huet, datt ee géif tuten. Well, wéi si sech ëmgekuckt huet, huet si weder Mann, nach Fra nach Kand konnten entdecken, déi fir de Kaméidi zoustänneg sinn. Et war e Mupp, deen hannert dem Steierrad vun engem Toyota CHR souz a wéi wëll op d’Tut gedréckt huet. Den Hond hat wuel een Zil: Säi Besëtzer oder eng Besëtzerin esou séier wéi méiglech nees zeréckzeruffen.

De Video huet d’Fra op Instagram gesat an do huet dëse fir méi wéi ee Schmunzele gesuergt.

Back to Top
CIM LOGO