
De Maître Jean-Jacques Schonckert am RTL-Interview. Et ass keng Legend: am Auto schlofen ass erlaabt, och wann een Alkohol gedronk huet. Mee: et ginn entscheedend Reegelen, déi agehale musse ginn.
Wichtegst Reegel: de Schlëssel däerf net beim Chauffeur sinn. Soubal een den Auto opmécht, de Schlëssel am Schlëssellach huet oder de Motor start (och just fir d’Heizung), kann dat schonn als Versich ze fueren gëllen – an ass strofbar.
Fir op der sécherer Säit ze sinn:
Och eng urban Legend: de Bäifuerer däerf alkoholiséiert sinn. Wat awer net geet: een aneren fuere loossen, wann deen och gedronk huet.
Fazit: Alkohol a Fueren passen net zesummen. Am Zweiwel ass Taxi oder den ëffentlechen Transport ëmmer déi besser Optioun.