Am Januar war d'Fra vum Beach-Boys-Sänger Brian Wilson gestuerwen. Si hat sech bis zu hirem Doud ëm de Sänger gekëmmert, elo mussen dat anerer iwwerhuelen.

Mat de Beach Boys huet de Brian Wilson Museksgeschicht geschriwwen a gouf an de Sechzeger als gréisste Konkurrent vun de Beatles gesinn.

Elo ass bekannt ginn, datt de Brian Wilson un Demenz erkrankt ass. De Museker soll Geriichtsdokumenter no, déi "The Blast" virleien, net méi an der Lag sinn, sech ëm sech selwer ze këmmeren a seng Krankheet ze behandelen. Hi soll un enger "neurokognitiver Stéierung wéi Demenz" erkrankt sinn. Bis viru kuerzem hat sech dem Wilson seng Fra a laangjäreg Managerin Melinda Ledbetter ëm hire kranke Mann gekëmmert. Si ass am Januar am Alter vu 77 Joer gestuerwen. D'Koppel hat fënnef Kanner adoptéiert, donieft huet de Wilson zwee Kanner aus enger fréier Bezéiung.

Well an der Patienteverfügung kee Successeur fir seng Fra genannt ass, huet d'Team vum Wilson elo viru Geriicht eng Demande eragereecht, datt de Museker ënner Tutelle gestallt gëtt. Dës Aufgabe sollen an Zukunft zwee laangjäreg Vertrieder vum Wilson iwwerhuelen: D'LeeAnn Hard ass zanter ville Jore seng Business-Managerin an de Jean Sievers ass scho laang säi Pressespriecher. Dat huet d'Famill an engem Schreiwes matgedeelt.

De Brian Wilson war mat der Band "The Beach Boys" an Hits wéi "Surfin' U.S.A." oder "Surf's Up" weltwäit berüümt ginn. Den Album "Pet Sounds" aus dem Joer 1966 gëtt vu ville Kritiker als de "beschte Popalbum vum 20. Joerhonnert" ugesinn. Souguer de Paul McCartney huet zouginn, datt hien den Album zum Beatles-Meeschterwierk "Sgt. Pepper's Lonely Hearts Club Band" inspiréiert hätt.