Den Alain Atten am Portrait
Den 22. Februar feiert den Alain Atten säi 86. Gebuertsdag! Eng gutt Geleeënheet, fir hie mol besser kennenzeléieren.
Zanter iwwer 40 Joer ass hien op Radio an Tëlee Lëtzebuerg ze héieren an ze gesinn. Mam Sproochmates léiere mir dëser Deeg ëmmer nees eppes Neies iwwer d'Lëtzebuerger Sprooch a ginn och vill Geschichtleches gewuer. Ma wien ass den Alain Atten iwwerhaapt? Wou ass hien opgewuess? A wat mécht de Pensionär a senger Fräizäit?
Dee Mann, deem seng Stëmm jidderee kennt
Schonn zanter ville Jore gesäit een den Alain Atten reegelméisseg bei RTL eran an eraus goen. Ugefaangen huet seng Karriär an de Medien awer op Antenne 2, wéi hien eng Kéier op Paräis an d'Emissioun "Les dossiers de l'écran" invitéiert gouf. Doropshi krut hien eng Invitatioun fir "De Gaascht am Studio" op RTL.
Vun do un ass den Alain Atten ni méi richteg fortgaangen. Ënnert anerem huet hien dem Lex Roth seng Emissioun "Een Ament fir eis Sprooch" iwwerholl. An der Tëschenzäit heescht se "De Sproochmates" an ëmfaasst méi wéi 3.000 Episoden, déi den Alain Atten opgeholl huet.
Hien hëlt d'Lëtzebuerger Sprooch op de Leescht a léisst al Bräich nees opliewen, fir iwwert eis Sprooch ze informéieren a se ze erhalen. Hie gëtt jo zou, och net alles ze wëssen, mee probéiert all säi Wësse weiderzeginn. An der Zäit huet esouguer zwee bis dräi Mol den Dag säin Haustelefon gerabbelt, wann nees een eng Fro zu eiser Sprooch hat. En Handy huet hien och haut nach net a seng Texter tippt hien iwwregens nach op der Schreifmaschinn.
Och wann den Alain Atten a Saachen Technologien net onbedéngt esou ganz mat der Zäit geet, stéiert et hien awer net, datt d'Zäite sech änneren an domat och eis Sprooch. Et héiert ee jo dacks, datt d'Lëtzebuerger Sprooch verluer geet an d'Jugend ëmmer méi Wierder aus enger anerer Sprooch benotzt, mee dat gehéiert fir hien dozou. "Et ass ganz kloer, datt d'Generatiounen änneren an hiren eegene Vokabulär hunn. Ech hunn ni eppes dogéint an näischt dofir gehat. Ech hunn eppes ze beschreiwen, ech hunn ni wolle Schoul halen."
E Liblingswuert huet hien op Nofro hin net: "Si si mir all sympathesch."
Zéng Joer zu Esch am Lach
Net fir näischt gëtt den Alain Atten och emol als "liewegen Dictionnaire" bezeechent. Iwwert d'Hierkonft vu verschiddene Wierder weess hien onwarscheinlech vill, mee mir wollte wëssen, wou hien dann eigentlech hierkënnt.
Eigentlech sollt hien zu Wëlwerwolz an der Gemeng Kiischpelt opwuessen. Säi Papp gouf dunn allerdéngs versat, sou dass den Alain Atten, en Eenzelkand, déi éischt zéng Joer vu sengem Liewen zu Esch-Sauer gelieft huet. Zesumme mat sengen Elteren huet hien deemools an der Ënneschtgaass gewunnt.
Op eisem Tournage an deem klengen Dierfchen erzielt eis den Alain Atten, datt hie sech hei allerdéngs net richteg wéi doheem fillt. Dat schonn emol dowéinst, well hie jo eigentlech guer net hei hätt sollen opwuessen an och well hie guer keng Famill hei um Kierfecht leien huet. Seng Mamm wier zwar fréi gestuerwen, ma do war d'Famill schonn nees weider an d'Stad geplënnert. Säi Papp war erëm versat ginn. No engem Joer am Dikrecher Kolléisch huet den Alain Atten spéider dunn och do säin Ofschloss am Jongelycée gemaach.
"Ech sinn dräisproocheg opgewuess"
Ëmmer nees erzielt hien, wéi hien "dräisproocheg" opgewuess ass. "Mäi Papp war vun Housen, meng Mamm war vun Ouljen. Si hu sech ni gestridden, mee si hunn net geschwat, wéi deen aneren. Dat fierft of. Da weess ech, hie seet esou a si seet esou. An an der Schoul schwätze se erëm anescht. (...) Ech war ganz Ouer an zimmlech ëmmer opmierksam."
Am léifste schwätzt hien dat aus dem Éislek, awer net esou, wéi déi vun Esch-Sauer. "Ech schwätzen do mengem Papp no oder menger Bom no. Dat heescht awer net, datt ech nëmmen dat maachen. Meng Mamm huet Guttlännesch geschwat an an der Schoul hunn ech hei Escher geschwat, sou wéi si mir et bäibruecht hunn."
An 20 Joer 17 Mol um Jakobswee
Och wann hien als Kand relativ vill Zäit als Massendénger an der Kierch verbruecht huet, war den Alain Atten net besonnesch reliéis. Mat ronn 60 Joer huet hie sech dunn aus Virwëtz awer dofir entscheet, de Jakobswee ze goen. An dat an deenen 20 Joer duerno ganzer 17 Mol!
"E bedeit e landschaftlecht Erliefnis, natierlech och e Mentalitéitserliefnis. Et sinn der, deenen et wierklech zu Häerz gaangen ass, déi Saach. Anerer hunn et als Sport bedriwwen. Mee ech hu mir d'Leit ronderëm ugekuckt, dat huet mech méi interesséiert."
Wa seng Been e géingen droen, géing hien en och elo nach eng Kéier goen. Amplaz wëll hie sech deemnächst eng Kéier awer mat sengen Notizze vun deemools beschäftegen. Hie wëll iwwert déi Leit schreiwen, déi hien deemools um Wee kennegeléiert huet, haaptsächlech Leit déi do wunnen.
Dem Sproochmates säi Liewenswierk: De Sproochatlas
Et kéint ee ganz Säite mat all senge Projete fëllen. An éischter Linn ass hien als Historiker Sproochwëssenschaftler bekannt, huet sech awer och mat sengen Theaterstécker an als Auteur en Numm gemaach.
De Schwéierpunkt vu senger Aarbecht gëllt allerdéngs dem Erhalt vu Lëtzebuerger Sprooch-Varianten, wat hie mam "Lëtzebuerger Sproochatlas 1900" gemaach huet. Doran ass festgehalen, wéi d'Awunner uechtert de Grand-Duché fir verschidde Wierder a Begrëffer soen. Ganzer 15 Joer war den Alain Atten dofir ënnerwee an huet iwwer 600 Uertschaften am Land an an der Grenzregioun besicht.
Aktuell schafft hie schonn um zweete Band vum Atlas. Seng ganz Recherchen dofir huet hien deemools nieft senger Aarbecht am Nationalarchiv gemaach. All zwou Woche fiert hien an den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch a schafft déi Saachen op.
Wat genau elo säin nächste Projet wäert sinn, dat weess hien nach net. "A mengem Alter plangt een net méi méi wäit. Dat do ass scho wäit genuch geplangt. Dat ass elo optimal geduecht, mee mir kéinten Enn dës Joers drécken. Loosse mer Holz upaken."
Iwwer aner Sproochen, aner Kulturen an den Tibet
Als jonke Bouf huet den Alain Atten scho fréi Gefalen un der Wëssenschaft fonnt. Virun allem d'Naturwëssenschaften a cheemesch Experimenter hunn hien interesséiert. Seng Aarbecht vun haut wier dovun awer guer net esou wäit ewech.
"Sprooch ass och Wëssenschaft. Wat d'Leit ënner Wëssenschaft verstinn, an dat soen ech elo mol ganz bosseg, dat ass net nëmme Medezin oder Biologie, dat kann och d'geeschteg Wëssenschaft sinn, dat kann och d'Sprooch sinn. Ech wéisst gären, wat mer géinge maachen, wa mer keng Sprooch hätten."
Wien elo awer mengt, datt den Alain Atten sech just fir eis klengt Ländchen interesséiert, dee soll sech ieren. A senge jonke Joren huet hien zu Tréier Geschicht a Germanistik studéiert. Duerno huet et hien awer méi wäit gedriwwen.
"Jidderee soll sech fir seng Noperen interesséieren. Ech si laang Jore vill an den Tibet gefuer, fir e Stot kennenzeléieren, dee ganz anescht funktionéiert wéi eisen. Leit, déi ënner extreme Bedéngunge musse liewen an déi e komplett anere Sprooch-System hu wéi mir. Et huet mech awer interesséiert, fir e bëssen dran ze gesinn."