Mat bal 600 Kaarten, déi weisen, dass et an eisem klenge Land deelweis grouss Ënnerscheeder an der Sprooch ginn.

De Sproochatlas vun haut, ass d’Weiderféiere vum Sproochewëssenschaftler Robert Bruch sengem Atlas.

“Entstan ass et mam Bruch sengem Doud. Hien ass mat 39 Joer ewechgefall. Do war ech beim Militär. Kuerz drop sinn ech an d’Staatsarchiv agetrueden an och gläich gebiede ginn, beim Dictionnaire matzeschaffen, well duerch pueren Zoufall waren 3 vu menge Professeren an der Dictionnaireskommissioun. Do hunn ech mer geduecht: Da mëss du dat weider!”, esou den Alain Atten.

RTL

De Lëtzebuerger Sproochatlas ass mam Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch zestane komm. Den Alain Atten war hei reegelméisseg op Besuch, fir hinnen déi Kaarten ze presentéieren, déi en zanter de 60er Joren ugefaangen huet mat completéieren.

“Dat konnt jo och nëmmen a menger Fräizäit geschéien. Dann hunn ech de Bengel geholl an de ganze Krom ze Fouss gemaach. Oder et huet mol e Kolleeg mech matgeholl bei een. Do huet all Relatioun misse genotzt ginn. Ech hunn déi geholl, déi virun oder ëm 1900 gebuer sinn. Ech hunn deemjéinegen dann d’Stéchwuert gesot an dee seet mer dunn: Ma mir soen esou.”

Nodeems all dat festgehale gouf, louchen dës Notizzen am Tirang a goufen an de leschte Méint vum Claude Schmit op Pabeier bruecht.

“Am Ufank sinn ech als Beroder dobäi gezu ginn wéi een et kéint maachen an duerno sinn ech da gefrot ginn, ob ech et och ka maachen. Ech kommunizéiere mam ZLS a si fotograféieren dem Alain Atten seng handgezeechent Kaarten of, déi ech dann digital ëmsetzen an da kréien ech awer och handgeschriwwe Bréiwer, wou drop steet, wat soll geännert ginn.”

Dofir goufen op der Landkaart 618 Punkten definéiert, déi een auswiele kann, fir ze soen, wéi e Wuert wéi ausgeschwat gëtt. Virdrun huet deemno och missen déi fonetesch Transkriptioun gemaach ginn.

D’Resultat ka sech weise loossen. An och de Sproochmates ass domat ganz zefridden. E Sproochatlas, bei deem ee vill ka bäiléieren, esou och de Claude Schmit

“Ech war erstaunt doriwwer, dass et Dierfer ginn, wou just dat Wuert geschwat gëtt. Dass mer also vill lokal Dialekter ginn.”

Et dierft ee scho gespaant sinn op dem Alain Atten säin nächste Projet. Iddie ginn et der genuch.

“De Wuertatlas maachen. Wann ech al genuch ginn, da maachen ech deen!”

D'Buchvirstellung am Video