New Kids on the Block sinn zeréck

© AFP Archivbild
Si bleiwe wuel éiweg Kanner.
An dee Saz kënnt net vun ongeféier. D'New Kids on the Block hu sech e Méindeg no bal 40 gemeinsame Joer als US-Popgrupp zeréckgemellt.
Wéi den Jonathan Knight (55), Jordan Knight (53), Joey McIntyre (51), Donnie Wahlberg (54) an Danny Wood (54) op hirem Instagram-Account bekannt ginn hunn, schaffe si un engem neien Album. Et ass den éischten Album zanter 11 Joer. "Still Kids" soll de 17. Mee erauskommen.
E klengen Avant-goût gouf et en Dënschdeg de Moien, mat der éischter Single "Kids" aus dem 8. Studioalbum. 14 Lidder sinn dorobber ze fannen. An och wann den Album "Still Kids" heescht, et wier deen "erwuessensten Album, dee si jee gemaach hunn", sou den Donnie Wahlberg an engem Interview mat der Musekszäitschrëft "Rolling Stones".
1984 gouf d'Grupp New Kids on the Block gegrënnt, 2 Joer drop koum den Debutalbum mam selwechten Numm eraus. Mat "Hangin' Touch" am 1988 goung et un d'Spëtzt vun den Charts an den USA a spéitstens mat "Step by Step" am Joer 1990 ass et der Boyband gelongen, sech international en Numm ze maachen. 1994 huet sech d'Band du getrennt, 2008 gouf et eng Reunion mat Album (The Block) an eng Tour. 2013 dunn koum de virleefeg leschten Album (10) eraus.
De 14. Juni si si am Kader vun hirer "Magic Summer Tour" ënnerwee. Ob si och an Europa kommen, ass net gewosst.