Band vun US-Acteur Dylan Minnette
Alt-Rock-Trio Wallows kënnt op Lëtzebuerg
Fir hiren neien Album "Model" ze promoten, geet d'Band vum "13 Reasons Why"- a "Scream 5"-Star op Welttournée.
Ee Stopp vun der Band ass dann och zu Lëtzebuerg, wou si den 12. Oktober 2024 am Atelier optrieden. D'Tickete ginn de 15. Mäerz vun 10 Auer un an de Verkaf, datt um offizielle Site vum Atelier oder vun der Band.
D'Tour gouf zesumme mam Release vun hirem Song "Your Apartment" am Februar annoncéiert. Dëst ass déi éischt Verëffentlechung vum Album "Model". Zwee weider Songs kommen am Mäerz respektiv am Mee eraus.
Am meeschte gelies