De visuelle Concert "Der Sandmann" ass erëm do
Entstanen ass d'Stéck wärend enger Residenz ausgangs August 2023, déi de musikaleschen Duo Mader/Panpandreopoulos an d'Kompanie "Fly Theatre" zesumme gemaach hunn.
D'Basis vum visuelle Concert ass dem däitsche Schrëftsteller a Komponist E.T.A. Hoffmann säi berüümten "Der Sandmann", deen 1816 fir d'éischt Kéier erauskoum. Iwwer d'Jore gouf d'Stéck reegelméisseg a Film, Theater a Musek adaptéiert, esou dann och d'lescht Joer vum Duo Mader/Panpandreopoulos an der Kompanie "Fly Theatre", mam bekannten, visuelle Kënschtler Robin Beer un hirer Spëtzt.
Fënnef Deeg laang hu si den Text zu engem visuelle Concert transforméiert, wéi e bis dato nach net ze gesi war. Déi ursprénglech Opféierung war dunn am September zu Utrecht op der Gaudeamus Musiekweek a krut vill Luef.
Wie sech dovunner selwer wëll iwwerzeegen, sollt sech dëse Freideg oder Samschdegowend e bësse Plaz am Kalenner maachen. Do gëtt d'Stéck nämlech a senger Integralitéit am Mierscher Kulturhaus - der Plaz wou alles ugefaangen huet - gewisen. Méi Informatiounen an Tickete ginn et hei.

© Valeria Wiwinius