Hannert de Kulisse vun engem Museksvideo-Dréi
Am Dikrecher Lycée hat de BTS Media Writing d'Hänn voll mam Dréi fir der jonker Sängerin Laurie Haupert hirem éischte Museksvideo zu der Single "Media Overload".
"Media Overload" ass dat éischt Lidd wat déi 20 Joer jonker Sängerin Laurie Haupert op de Maart bruecht huet. Geschriwwen a produzéiert gouf d'Lidd vun der Audioproduktiounsboite "Funky Baby Records", déi rezent vum Trio Misch Volkmann, Heng Kleren a Christian Krier an d'Liewe geruff gouf. Zil ass jonken Talenter gratis Museksproduktiounen unzebidden. Um Manktem u finanzielle Moyene fir Produktiounskäschten ze couvréiere soll nämlech keen Talent verluer goen, sou déi dräi. Dofir couvréiere si alles vum Lidder schreiwen, iwwer d'Kompositioun bis hin zum Arrangement, der Opnam a souguer dem Mix a Mastering.
D'Laurie war hir éischt Decouverte, woubäi de Heng Kleren dat jonkt Talent scho kannt huet, well en hire Proff am Preparatoire war. Ugefaangen ze sangen huet d'Laurie am Alter vu 7 Joer an der Choral bei den Zolwer Spatzen, wou et och gutt 10 Joer dobäi war. An der Tëschenzäit huet et ugefaangen, Covere vu bekannte Lidder ze sangen an op de sozialen Netzwierker ze deelen. Esou ass dunn och "Funky Baby Records" op et opmierksam ginn. Zanterhier hu si elo zwee Lidder zesumme rausbruecht - "Media Overload" an "Still Love You".
An deem nämmlechte Gedanke - jonk Talenter ënnerstëtzen a kreativ ze fërderen - gëtt de Museksvideo dann och vum BTS Media Writing am LCD gemaach. Dofir gouf d'lescht Woch wärend engem Dag vum Späicher bis zum historesche Loftschutzbunker iwwerall am Lycée gefilmt. Ënnerstëtzt goufen d'BTS Studente vum Projet d'établissement "LCD Experience", wat et hinnen erméiglecht huet en externe Professionelle kommen ze loosse fir sech ëm d'Luuchte beim Videodréi ze këmmeren.
De Heng Kleren a Misch Volkmann waren och viru Kuerzem op Besuch um Radio an der Sendung "Am Takt". Hei nach eng Kéier de ganzen Interview.